Gemeng Veianen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Vianden de: Vianden |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Veianen | ||||||
| Buergermeeschter: | Marc Schaefer (LSAP) | ||||||
| Fläch Uertschaft: | 318,1190 ha | ||||||
| Awunner Gemeng: | 1772 () |
||||||
| Fläch Gemeng: | 967,2754 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 56' 01" N 06° 12' 27" O |
||||||
|
D'Gemeng Veianen (orange) am Kanton Veianen (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Veianen ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen, an eng vun den 12 Stied am Land.
Mat enger Kadasterfläch vun 967,2754 ha ass Veianen eng vun den 10 klengste Gemengen am Land. Si besteet aus den zwou Kadastersektioune Veianen mat 318,1190 ha a Scheierhaff mat 649,1564 ha. Ausser der Uertschaft Veianen[1] gehéieren nach d'Lieu-diten Scheierhaff a Sanatorium zu der Gemeng.
Inhaltsverzeechnes |
Buergermeeschteren [änneren]
- ????-????: Franz Julian André (1773-1859)
- ...
- 1867-1876: Adolphe Pauly-Strasser (1831-1906)
- ...
- 1921-1945: Édouard Wolff (1878-1945)
- 1946-1981: Victor Abens (1912-1993)
- 1981-1999: Raymond Frisch (*1923)
- 1999-2003: Marc Schaefer
- 2004-2011: Gaby Frantzen-Heger
- 2011-haut: Marc Schaefer
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Veianen ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Jumelagen [änneren]
Kuckeswäertes [änneren]
Uechter d'Stad vun der Buerg bis bei d'Staumauer:
- Buerg Veianen;
- Hockelstuerm op der Hockelslay;
- Musée vun der Stad Veianen am Dicks-Haus;
- Poppen- a Spillsaachemusée Veianen;
- Geriichts- a Fräiheetskräiz an der Groussgaass;
- Dicksmonument um Dicksgäertchen;
- Trinitianerkierch mat sengem Kräizgank;
- Sodalitéitskapell nieft der Trinitarierkierch;
- Musée vun der Karikatur a vum Cartoon;
- Stadhaus, e fréiert Buerghaus;
- Ale Kino;
- Bommenzinnes op der Bréck;
- Victor-Hugo-Büst vum Rodin op der Bréck;
- Victor-Hugo-Literaturmusée;
- Nikloskierch;
- Kulturzenter Larei mat sengem bemierkenswäerte Ginkgo;
- Neikierch = Hellege-Rochus-Kierch, beim Kierfecht;
- Staumauer op der Loumillen;
Soss an der Géigend:
- Bildchen-Kapell tëschent Veianen a Biwels;
- Pompelspäicherwierk Veianen tëschent Biwels a Stolzebuerg.
Fräizäit [änneren]
- D'Ourdall-Bibliothéik;
- De Veianer Sessellift, deen 2006 komplett restauréiert gouf;
- D'Veianer Schwämm, ënner fräiem Himmel, op vun Enn Mee bis Ufank September;
- Am Bildchensbësch ass en Héichseelgaart, deen 2006 vergréissert gouf;
- Den Nëssmaart am Prinzip den 2. Sonndeg am Oktober;
- De Miertchen uganks November.
Bekannte Veiner Leit [änneren]
- Victor Abens (1912-1993, Industriellen a Politiker)
- Charles Arendt (1825-1910, Staatsarchitekt)
- Théodore Bassing (1867-1926, Lokalhistoriker an Auteur)
- René Engelmann (1880-1915, Professer an Auteur)
- Carlo Hartmann (*1955, Bariton-Sänger)
- Joseph Probst (1911-1997 Moler a Sculpteur)
- Émile Probst (1913-2004, Graphiker, Glasmoler, Karikaturist a Publizist)
Literatur [änneren]
- Ries, Adrien, 1986-1987. Veinen an der lëtzebuerger Literatur. Ous der Veiner Geschicht / Veiner Geschichtsfrënn Nr. 4 (1986): 42-51; Nr. 5(1987): 54-68; Nr. 6 (1988): 29-34. Vianden.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Cf. Op dem offizielle Site vun der Gemeng Veianen
- ↑ Cf. Op dem offizielle Site vun der Stad Compiègne