Stolzebuerg
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| De Musée vun der Koffergrouf | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Stolzembourg de: Stolzemburg |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Veianen | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Jean Kinn | ||||||
| Koordinaten: | 49° 57' 55" N 06° 10' 02" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Stolzebuerg ass eng Uertschaft an der Gemeng Pëtscht an am Kanton Veianen.
[änneren] Geographie
Stolzebuerg läit am Ourdall op halwem Wee tëschent Veianen an Ënnereesbech a läit domat am Naturpark Our. Eng Grenzbréck féiert op Käppessen an Däitschland.
[änneren] Kuckeswäertes
[änneren] Buerg Stolzebuerg
Op enger Fielsnues iwwer dem Zentrum vum Duerf stinn d'Ruin vun der Buerg an d'Landhaus aus dem Joer 1898 , dat hautdesdaags Schlass genannt gëtt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buerg Stolzebuerg ![]()
[änneren] Koffergrouf vu Stolzebuerg
Eppes Klenges méi wéi 1 km nërdlech vun der Uertschaft ass d'Koffergrouf vu Stolzebuerg, an där joerhonnertelaang Kofferäerz ofgebaut gouf. E klengen Deel dovunner ka besicht ginn. Laanscht de Wee dohinner sti Panneaue mat Explikatiounen iwwer de geologeschen Ënnergrond vun der Géigend an iwwer d'Grouf.
De Musée Koffergrouf, deen am fréiere Schoulgebai ënnerbruecht ass, informéiert doriwwer. De Musée ass och den Depart vun de Visite-guidéeën.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Koffergrouf vu Stolzebuerg ![]()
[änneren] Veräiner
De Syndicat d'initiative Stolzebuerg gëtt zënter 1995 eng Zäitschrëft eraus ënner dem Titel De Stolzebuerger Pannewippchen.
[änneren] Perséinlechkeeten
- Léon Kugener, Schoulmeeschter a Lokalhistoriker
- Jacques Mangers, Bëschof vun Oslo
[änneren] Illustratiounen
-
Vue vu Käppessen aus
[änneren] Bibliographie
- Biewer, Ed., 2000. D’ Stolzber Bréck. De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 6: 19-30. Stolzemburg.
- Erpelding, Émile, 1972. Die Mühle von Stolzemburg. Die Warte 25 N° 22: 4.
- Hoffmann Isabelle, Alain Faber, Guy Heinen, Jos. Schoellen & Nico Schroeder, 1999. Die letzten Abbauperioden in der Kupfergrube von Stolzemburg (1854 – 1999). De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 5: 19-32. Stolzemburg.
- Kartheiser, Nico, 1973. Die Stolzemburg. Revue N° 49: 51-53.
- Kugener, Léon, 1995. Stolzemburg 1940-45 (persönliche Erinnerungen). De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 1: 25-31. Stolzemburg.
- Kugener, Léon, 2001 & 2003. Burg Stolzemburg : Versuch eines geschichtlichen Überblicks über die Entstehung und die Geschicke der Burg Stolzemburg im Wandel der Jahrhunderte. De Stolzebuerger Pannewippchen Nr. 7 (2001): 10-23 & Nr. 8 (2003): 23-26. Stolzemburg.
- Mainz, Theodor, 1960. Lieb Stolzemburg. Anlässlich der geplanten Talsperre gedichtet und komponiert. Impr. 1 S. Ant. Lorang, Vianden. [Musique imprimée]
- Milmeister, Jean, 2002. Die Herrschaft Stolzemburg. Ous der Veiner Geschicht / Veiner Geschichtsfrënn. Nr. 20: 73-96. Vianden.
- Robert, Joseph, 1911. Die Kupfermine bei Stolzemburg. 33 p. J. Schroell, Diekirch (Tiré-à-part Landwirt)
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Stolzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien |