De Stolzebuerger Pannewippchen

Vu Wikipedia

De Stolzebuerger Pannewippchen ass eng kulturell Zäitschrëft, déi zanter 1995 vum Syndicat d'initiative Stolzebuerg erausbruecht gëtt. Lokalgeschicht vun der Uertschaft Stolzebuerg an Aktivitéite vum Syndikat sinn d'Haapttheme vun den Artikelen. Bis 2009 sinn 12 Nummeren erauskomm.

Den Titel vun der Zäitschrëft huet näischt mat dem Villchen Panewippchen ze dinn (mat engem 'n'), mä leet sech vum Numm vun enger Strooss zu Stolzebuerg of, der Pannegaass (fr.: rue des mines), där hir Awunner de Spëtznumm Pannewippchen droen. Den Numm Pannegaass (de.: Banngasse) sengersäits kënnt op direktem Wee vum mëttelalterleche Bannuewen, dee bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert an där Gaass stoung.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]