Nikloskapell vu Veianen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 56’ 02.9’’ N 06° 12’ 29.4’’ O
Nikloskapell vu Veianen
Nikloskapell (2012)
Uertschaft Veianen
Par Veianen
Numm / Patréiner Hl. Niklos
Konsekratiounsjoer -
Parverband Veianen
Architekt(en) -
Kierchen - Kapellen

D'Nikloskapell vu Veianen ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Veianen, zum Parverband Veianen, zu der Pastoralregioun Norden, zum Dekanat Veianen an zu der Gemeng Veianen gehéiert. Responsabel ass de Paschtouer René Feltes vu Veianen.

De Patréiner vun der Kapell ass den Hellege Niklos, deem säi Fest de 6. Dezember gefeiert gëtt.

D'Kapell steet an der Veianer Ënnerstad, déi am 13. Joerhonnert gebaut gouf, op der Kräizung vun der N10 (rue de la Gare a Grand-Rue) mat der rue Théodore Bassing, zirka 40 m vun der Bréck iwwer d'Our.

Zur Par Veianen gehéieren ausser der Nikloskapell och nach d'Parkierch vu Veianen, d'Rochuskapell, d'Kapell Notre-Dame (Bildchen) an d'Filialkierch vu Biwels.

D'Nikloskapell ass zanter 1938 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.

Gechicht[änneren | Quelltext änneren]

1248 koumen d'Trinitarier op Veianen an hunn d'Spidol iwwerholl, dat de Grof vu Veianen baue gelooss hat. Virdru war Veianen en Deel vun der Par Ruet, déi vun den Tempelhäre geféiert gouf.

Sou gouf 1256 Veianen nei opgedeelt. D'Uewerstad war vun do un eng eege Par, déi vun den Trinitarier geleet gouf, d'Ënnerstad blouf Filial vun der Par Ruet an d'Templer hunn eng 50 Meter ënner der Our-Bréck eng eege Kierch gebaut. Nodeem den Templeruerden 1312 opgeléist gouf, an d'Johanniter zu Ruet d'Par iwwerholl haten, krut d'Kierch den Numm Nikloskierch.

Lénks nieft der Kapell gouf 1545 e Kierfecht ugeluecht, deen haut net méi do existéiert.

D'Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Um Ufank war d'Kapell eng Halekierch (mat engem Raum), eréischt méi spéit ass de Chouer an d'Sakristei bäigebaut ginn. 1723 koum et an der Virstad zu engem Brand, bei deem d'Kapell an dee gréissten Deel vun der Virstad d'Affer vun de Flame goufen. Schonn ee Joer drop war d'Kapell nees opgebaut. D'Kapell hat dunn en typescht gotescht Kräizrëppegewëllef. Mä déi gotesch Fassad gouf dem Barockstil ugepasst, grad wéi de barocken Daachreider mat héijem Helm.

De Chronogramm[änneren | Quelltext änneren]

SANCTE TVOS CHRISTOS NICOLAE TVERE CLIENTES CORPORIS AC ANIMAE TVTOR ORARE POTENS (Wiechter Niklos, protegéier déi, déi der uvertraut sinn, mächtege Beschützer, biet fir Leif a Séil!)
Dëse Chronogramm vun 1724 iwwer dem Agank war am Ufank baussen iwwer der Dier ubruecht.

Den Altor[änneren | Quelltext änneren]

Den Altor an der Nikloskapell ass e Barockaltor vun 1768. Op dem Antependium vum Altor ass an engem Dräieck en A ze gesinn, d'Symbol vun der Dräifaltegkeet, ëmgi vu Liichtstralen an engem Kranz. De Retabel mécht en Hallefkrees agerummt vun Eckpottoen a Sailen. Op der geschnëtzter Dier vum Tabernakel ass e Kielech mat enger Hostie mat Drauwen. Doriwwer steet eng Statu vum hellegen Niklos. Zu senge Féiss kommen dräi zum Liewen erwächt Jongen aus dem Faass. Den Ofschloss vum Altor ass eng Kartusch mat der Zuel 1768, d'Joer, an deem den Altor gebaut gouf.

De Bommenzinnes[änneren | Quelltext änneren]

An der lénkser Säitemauer steet zanter e puer Joer déi original Statu vum hellege Nepomuk, am Volleksmond Bommenzinnes genannt. D'Statu op der Our-Bréck ass nëmmen eng Kopie.

D'Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Am Dachreider hänken zwou Klacken. Eng Marieklack an "do" vun 1624 an eng Niklosklack a "sol" vun 1873.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pierre Bassing: Vianden in seinen Kirchen, Kapellen und sakralen Kunstschätzen, Veiner Geschichtsfrënn, 1983
  • Schmitt Michel, Die Viandener Kirchen und Kapellen, 31 S., Regensburg 1997 (Kleine Kunstführer, Nr. 2309)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nikloskapell vu Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]