Ruet op der Our

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Roth an der Our
lb: Ruet op der Our
Wappen Roth an der Our.png
Land: Flag of Germany.svg Däitschland
Bundesland: Coat of arms of Rhineland-Palatinate.svg Rheinland-Pfalz
Landkrees: Wappen Eifelkreis Bitburg-Prüm.png Béibreg-Prüm
Verbandsgemeng: Wopen Verbandsgemeng Neierbuerg.gif Neierbuerg
Fläch: 190 ha
Awunner: 201 (31. Dez. 2012)
Koordinaten: 49° 55' 25" N
6° 13' 22" O

Roth an der Our, op (lb. Ruet op der Our, ass eng Uertsgemeng am Äifelkrees Béibreg-Prüm a Rheinland-Pfalz (Däitschland). Ruet ass en Deel vun der Verbandsgemeng Neierbuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertsgemeng läit direkt op der Grenz mat Lëtzebuerg, déi ëstlech vun der Uertschaft duerch de Grenzfloss Our gebilt gëtt. Geologesch läit d'Duerf just nach um Devon, dee südlech vu Ruet op en Enn geet.

D'Grenzbréck iwwer d'Our féiert géint Süden an déi lëtzebuergesch Uertschaft Bettel an der Gemeng Tandel. Nërdlech läit op Lëtzebuerger Säit d'Stad Veianen. Op däitscher Säit gëtt et folgend Nopeschuertschaften: Gentingen (5 km südlech), Körperich an Obersgegen (4 km ëstlech) a Bauler (7 km nërdlech).

D'Haaptstrooss B50 huet hiren Ufank zu Ruet a féiert op Béibreg.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An enger Besëtzbestätegung vum Poopst Hadrian IV. fir d'Klouschter Simeonstift zu Tréier ass Ruet am Joer 1154 eng éischt Kéier schrëftlech ernimmt. D'Kierch vu Ruet, am romanesche Basilikestil soll awer schonn vum hl. Willibrord vun Iechternach am 8. Joerhonnert gegrënnt gi sinn.

Géint 1220 hu sech Tempelritter zu Ruet néiergelooss. Wéi den Templeruerden opgeléist gouf, goung déi Néierloossung géint 1314 un de Johanniteruerden, dee spéidere Malteseruerden.

Am spéideren 13. Joerhonnert ass Ruet an den Aflossberäich vun der Herrschaft vun de Grofen a méi spéit den Herzoge vu Lëtzebuerg geroden a stoung, grad sou wéi d'Herzogtum Lëtzebuerg, ënner der Herrschaft vun de Burgunder, Spuenier, Fransousen an den Éisträicher.

Dee gréissten Deel vum haitege Schlass gouf 1733 nei opgeriicht.

Duerch d'Franséisch Revolutioun gouf Ruet 1794 dunn nees franséisch. 1815 gouf d'Uertschaft um Wiener Kongress vum Herzogtum Lëtzebuerg ofgetrennt an der Rhäinprovënz vum Kinnekräich Preisen zougeuerdnet.

Nom Zweete Weltkrich sollt d'Uertschaft Ruet an deen donieft geleeëne Kammerwald am Kader vu Krichsentschiedegungen u Lëtzebuerg iwwergoen.[1] 1949 iwwerdréit déi franséisch Besatzungsmuecht d'Integratioun vum Kammerwald a vun der Uertschaft Ruet an de Lëtzebuerger Territoire. Lëtzebuerg huet awer op d'Verwaltung vu Ruet verzicht, sou datt nëmmen de Kammerwald eng Zäit laang ënner Lëtzebuerger Verwaltung stoung.[2] Am Traité vum 11. Juli 1959 tëscht dem Groussherzogtum Lëtzebuerg an der Bundesrepublik Däitschland gouf definitiv op d'Verwaltung vun dësem Gebitt verzicht, et gouf sech op aner Entschiedegungen eens ginn.[3]

Den Appendix „an der Our“ krut d'Uertsgemeng den 1. Januar 1971.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Schlass Ruet op der Our, eng Kommanderie vun den Templer aus dem 13. Joerhonnert;
  • Kierch Ruet op der Our, eng romanesch Basilika aus dem 13. Joerhonnert;
  • Willibrord-Lann, ongeféier 800 Joer al;
  • Kinnekseech am Kammerwald, ongeféier 450 Joer al, 32 m héich, 5,2 m Ëmfang.

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arnoldi, Josef, 1964. Ordenskirche mit Komturei in Roth an der Our, Krs. Bitburg. Heimatkalender für den Kreis Bitburg, S. 148-152.
  • Bassing, Théodore, 1914. Geschichte der Kommende, Komturei oder Kommanderie der kirchlich-militärischen Ritter-Orden der Tempelherren und Johanniter zu Roth bei Vianden. 46 p. Ons Hémecht. Fr. Bourg-Bourger, Luxemburg-Bahnhof.
  • Becker, Karl, 1975. Das unbekannte Wappen am Schloss Roth an der Our. Heimatkalender 1976 für den Kreis Bitburg-Prüm. Bitburg, p. 185.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1981. Roth bei Vianden. Heimat und Mission Jg. 55, n° 4/5: 68-72. Clairefontaine.
  • Kyll, Nikolaus, 1966. Zur ältesten Kirche in Roth an der Our. Heimatkalender Kreis Bitburg, p. 46-52.
  • Kyll, Nikolaus, 1967. Johannisschüsseln. Zu einer verschwundenen Kopfplastik aus Roth an der Our. Bitburger Kalender 1967: 63-67.
  • Mémorial, 1961. Loi du 19 juin 1961 portant approbation du Traité et de l'Accord relatifs au règlement du contentieux germano-luxembourgeois, signés à Luxembourg, le 11 juillet 1959. Mémorial A n° 25 du 10.07.1961.
  • Milmeister, Jean, 1965. Volksdichtung und Wahrheit : Templer, Türme und Tunnels. Revue Jg. 21, Nr. 22: 80-82. Luxembourg.
  • Milmeister, Jean, 1996. Die Tempelritter von Roth, Dichtung und Wahrheit. Ous der Veiner Geschicht / Veiner Geschichtsfrënn Nr. 14: 7-36. Vianden.
  • Neue, Peter, 1961. Die Tempelherren von Roth bei Vianden. Heimatkalender für den Kreis Bitburg 1962, p. 135-137.
  • Schneider, Erwin, o. J. Roth a. d. Our. URL: http://realschule-neuerburg.de/heimatdoerfer/proth.htm.
  • Schuler, Wolfgang, 1984. Roth an der Our. 1. Auflage. 28 S., 29 Abb., 2 Zeichnungen. Reihe: Rheinische Kunststätten, H. 289. ISBN 3-88094-441-5.
  • Summa, Christoph, 1980. Wie die heutige deutsch-luxemburgische Grenze im Bereich von Sauer und Our entstand. Landeskundliche Vierteljahrsblätter, Heft 2.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ruet op der Our – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Cf. d'Internetsäit "1949 : Placement du Kammerwald sous administration luxembourgeoise" am GR-Atlas vun der Groussregioun
  2. Domat war déi Rueter Bevëlkerung vun hirer eenzeger Brennholzquell getrennt ginn. An enger Rei Wantere vun de 50er Joren huet Ruet misse vun der Landesregierung mat Kuele beliwwert ginn. Quell: Schneider o.J. an der Literatur.
  3. Cf. Deel V, Artikel 20 vum Traité vum 11. Juli 1959, an deem et heescht: "Das Großherzogtum Luxemburg verzichtet auf die ihm nach dem Zweiten Weltkrieg übertragenen Rechte im Gebiet des Kammerwaldes ; die Staatsgrenze zwischen dem Großherzogtum Luxemburg und der Bundesrepublik Deutschland wird damit auf ihren vorherigen Stand zurückgebracht". Cf. Mémorial 1961 an der Literatur.