Simeonstëft (Tréier)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola filesystems folder home.png Dësen Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Direkt nieft der Porta Nigra zu Tréier läit dat fréiert Klouschter Simeonstëft. An där eelster erhalener Stëftsanlag vun dëser Zort an Däitschland ass haut de Stadmusée Simeonstëft Tréier ënnerbruecht.

Den haitege Simeonstëftsmusée

Um Rand vun der Stadsmauer si mam Ëmbau vun der Porta Nigra an der Simeonskierch an der éischter Hallschent vum 11. Joerhonnert d'Gebailechkeete vum Simeonstëft ënner der Initiativ vum Äerzbëschof Poppo von Babenberg entstanen, déi nom griischesche Wanderpater Simeon vun Tréier genannt sinn. Den doubelstäckege fréiromanesche Kräizgank huet ursprénglech déi véier Säite vum Bannenhaff ëmschloss. De Westflillek huet de Refektorium, den Nordflillek den Dormitorium enthal. Mat der Besetzung vun Tréier duerch d'franséisch Revolutiounstruppen am Joer 1794 sinn d'Gemaier no an no zerfall, ier se vun 1802 a Privatbesëtz komm sinn an ëm 1930 nees erëm zum Deel opgebaut goufen. Haut sinn nach den Nordtrakt, de Kräizgank, de restauréierte Südflillek an een Deel vum Ostflillek erhalen. Vun 1958 u ginn d'Gebailechkeeten als Musée benotzt.