Buerg Veianen

Vu Wikipedia
Buerg Veianen
D'Buerg Veianen
Typ Buerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Veianen
Plaz Veianen
Koordinaten 49° 56’ 06.00’’ N
      6° 12’ 10.01’’ E
Proprietär Lëtzebuerger Staat
Bild 1 – D'Veianer Buerg, Juni 2008.

D'Buerg Veianen (och Veianer Schlass oder lokal Veiner Schlooss genannt) ass eng Buerganlag zu Veianen am Kanton mam selwechten Numm zu Lëtzebuerg.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Bild 2 – Veianen op der Ferrariskaart, 1778.

D'Buerg läit um Südrand vun den Ardennen op engem laanggezunne Fielsvirspronk op hallwer Héicht tëscht dem enken Ourdall an engem Héichplateau.

Beschreiwung vun der Anlag[änneren | Quelltext änneren]

D'Buerg selwer ass e Gebaikomplex dee sech iwwer eng Längt vun 90 m zitt an dee vun enger Festungsmauer agegrenzt ass. Et muss een duerch 4 Paarte goen, éiert een am Bannenhaff bei d'Buerg kënnt. Vun der Buerganlag aus hu sech zwou Rankmauere ronderëm dee fréiere Stadkär bis erof bei d'Our gezunn (cf. Bild 2), vun deene gréisser Deeler bis haut erhale sinn.

De Gebaierkomplex haut[änneren | Quelltext änneren]

Plang vun der Buerg

Follgend Raimlechkeete kann ee bei enger Visitt vum Schlass kucken[1]:

Um -1:

  • De grousse Keller (eegenen Accès vu baussen)

Um Rez-de-chaussée:

  • Waffenhal
  • Ritterstuff
  • Archeologesch Krypta
  • Ënneschten Niveau vun der Kapell
  • Ursprénglech Kichen
  • Salle à manger
  • Grouss Kichen
  • Bur
  • Rittersall

Um éischte Stack:

  • Byzantinesch Galerie
  • Bannenhaff
  • Rondgank ronderëm d'Kapell
  • Ieweschte Niveau vun der Kapell
  • Bankettsall
  • Schlofkummer
  • Stammbamkummer
  • Festsall = Vic-Abens-Sall

Um zweete Stack:

  • Charles-Arendt-Sall
  • Jean-Pierre-Koltz-Sall

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bild 3 – Kofferstéch vum Mathias Merian, 1643.
Bild 4 – Lithographie vum Frantz Clément, ~1834.
Bild 5 – Lithographie vum Jean-P. Schmit an Nicolas Liez, ~1834.

D'Veianer Buerg gouf vum 11. Joerhonnert un op der Plaz vun engem fréiere réimesche (4. Jh.) a karolengesche (9. Jh.) Kastell opgeriicht.

Am Mëttelalter waren d'Grofe vu Veianen direkt Vasale vum däitsche Keeser. Duerch e Familljesträit gouf de Philippe I. vu Veianen 1264 Vasal vun de Grofe vu Lëtzebuerg. D'Buerg war bis 1417 d'Staambuerg vun de Grofe vu Veianen, wéi se un d'Haus Nassau iwwergaangen ass. D'Grofschaft Veianen hat deemools ongeféier déi selwecht Gréisst wéi dat haitegt Groussherzogtum.

1820 huet de Wëllem I. vun Holland déi bis dohin net zerstéiert Buerg fir 3.200 Gulden un de Veianer Geschäftsmann Wenzel Coster versteet, deen all d'Miwwelen an och de kompletten Daach verkaaft an d'Buerg selwer als Steebroch benotzt huet.

1938 ass d'Buerg op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroe ginn[2]. 1977 ass se a Staatsbesëtz komm a gëtt zanterhier restauréiert.

Chronologie[änneren | Quelltext änneren]

  • 4. Jh.: op der Plaz steet e réimesche Wuechtposten.
  • 9. Jh.: op der Plaz steet eng karolengesch Anlag.
  • 11. Jh.: héichmëttelalterlech Bauperiod.
  • 1090: den éischte Grof, Bertulf vu Veianen.
  • 12. Jh.: zweet Bauphas: klenge Palas.
  • Uganks 13. Jh.: d'Buergkapell an de grousse Palas ginn opgeriicht
  • 1417: den éischten Nassauer: Grof Engelbert I. vun Nassau.
  • Enn 15. Jh.: Héije vun de Giewelen, Bau vun den héije goteschen Diech.
  • Uganks 17. Jh.: d'Nassauer Haus gëtt opgeriicht.
  • 1820: d'Buerg gëtt verkaaft, Ofbroch vun den Diech fir Baumaterial.
  • 1885: D'Buerg ass am Besëtz vun der groussherzoglecher Famill.
  • 1910/11: Restauratiounen duerch den Architekt Bodo Ebhardt.
  • 1966/67: Opriichte vum verwëllefte Waffesall vum klenge Palas.
  • 1977: De Groussherzog Jean verkeeft d'Buerg un de Lëtzebuerger Staat.
  • Vun 1978 un: D'Buerg gëtt bis haut bestänneg weider opgebaut a restauréiert ënner der Supervisioun vum Service des sites et monuments.

Chronologie vun den Herrscherhaiser[änneren | Quelltext änneren]

D'Grofe vu Veianen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1090: Bertolphe (comes de Vianne)
  • 1096: Gérard Ier de Sponheim (et Vianden?)
  • 1124-1150: Frédéric Ier
  • 1154-1163: Sigefroid Ier
  • 1163-1184: Frédéric II
  • 1187-1217: Frédéric III
  • 1214-1252: Henri Ier
  • 1250-1271: Philippe Ier
  • 1278-1307: Godefroid Ier
  • 1307-1312: Philippe II
  • 1317-1337: Henri II
  • 1337-1400: Marie de Vianden
  • 1417: Elisabeth de Sponheim-Vianden

D'Veianer Buerg an der Konscht[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Dat wuel bekanntst Zitat iwwer Veianen a seng Buerg ass aus der Fieder vum Victor Hugo (Discours aux Viandenois, 20.07.1871):

« Aujourd'hui, dans son paysage splendide que viendra visiter un jour toute l'Europe, Vianden se compose de deux choses également consolantes et magnifiques, l'une sinistre, une ruine, l'autre riante, un peuple. »

Kino[änneren | Quelltext änneren]

op der Veianer Buerg gi reegelméisseg Kinosfilmer gedréit, zum Deel mat bekannter internationaler Besetzung.

  • Shadow of the Vampire (2000)
Panorama vun der Buerg Veianen

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Historesch Duerstellungen[änneren | Quelltext änneren]

Fotoe vu baussen[änneren | Quelltext änneren]

Fotoe vu bannen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Arendt, Jean-Venceslas-Charles, 1884. Monographie du château de Vianden. Luxembourg: Impr. de la Cour, 1984 [Facsimile vun der Originaleditioun vun 1884].
  • Dunan, Marie Elisabeth, 1960. Les châteaux forts du Comté de Luxembourg et les progrès dans leur défense sous Jean l'Aveugle 1309-1346. Publ. de la Section historique 70, Luxembourg.
  • Du Fays, Dominique, 1987. La Maison de Vianden: des origines à 1337. 225 p. + XXVII. Thèse Mém. lic. hist. Liège.
  • Ebhardt, Bodo, 1939. Der Wehrbau Europas im Mittelalter. Bd. I. Berlin. [Veianen S. 536-537]
  • Frantzen-Heger, Gaby, 1998. Die Hofburg Vianden / Grand-Duché de Luxembourg - Domaine de l'Etat luxembourgeois. 40 p. Vianden: Les Amis du Château de Vianden.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1964. Neue Betrachtungen über die bauliche Entwicklung der Hofburg Vianden. Luxemburger Marienkalender Jg. 83: 38-43.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1971. Die grossen Restaurationsarbeiten auf Burg Vianden. Die Warte Année 24, n°22 (15.07.): 1 + 4. Luxembourg.
  • Koltz, Jean-Pierre, 1972. Nouvelle monographie du château-palais de Vianden. Luxembourg, Impr. Saint-Paul. 46 p. [Tiré-à-part revisé de: Hémecht Jg. 24, Nr. 2]
  • Koltz, Jean-Pierre, 1983. Le château-palais de Vianden. Vianden: Les Amis du Château de Vianden, Mersch: Impr. Fr. Faber. (6) p. [photos: Pol Holweck, Jochen Herling] [Traduction en anglais, néerlandais et allemand du texte français, également paru in: Flydoscope: magazine de Luxair]
  • Koltz, Jean-Pierre, 1988. Nouvelle monographie du château-palais de Vianden. 2e éd. augmentée, 85 p. Vianden: Amis du château, Luxembourg, Impr. Saint-Paul.
  • Krantz, Robert & Norbert Quintus, 1984. Das alte Luxemburg heute: ein kultureller Wegweiser von der Romanik zum Barock 800-1800 (Burgen, Schlösser, Kirchen, Friedhöfe, Dörfer). [layout Sonja Muller ; couv. Marcel Schroeder] Luxembourg: RTL Édition, 271 p.
  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 1. Das Schloss Vianden. S. 10-19, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8
  • Milmeister, Jean, 1968. Le déclin et l'extinction de la Maison de Vianden. Hémecht Jg. 20, H. 1: 39-45.
  • Milmeister, Jean, 1969. Les débuts de la Maison de Vianden. Hémecht 21, H. 1: 57-61.
  • Milmeister, Jean, 1970. Le Comté de Vianden sous la Maison de Nassau. Hémecht Jg. 22, H. 2: 213-218.
  • Milmeister, Jean, & Frank Wilhelm, 2002. Victor Hugo et les châteaux luxembourgeois. Vianden: Maison de Victor Hugo: Ass. des châteaux luxembourgeois. Hémecht Jg. 54, H. 3: 337-367.
  • Zimmer, John, [zirka 1998]. Le château de Vianden. Carnets du patrimoine. 79 p. Luxembourg: Musée national d'histoire et d'art: Service des sites et monuments, Luxembourg, Impr. Saint-Paul. [éd. par le Musée national d'histoire et d'art et le Service des sites et monuments nationaux] ; [layout: Isabelle Clees ; composition photogr.: Conny Scheel].
  • Zimmer, John, 1996. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 1: Die archäologisch und bauhistorisch untersuchten Burge von Befort, Bourscheid, Fels, Luxemburg, Vianden. 442 S. Hrsg.: Les amis de l'ancien château de Beaufort, Les amis du château de Bourscheid, Les amis du château de Larochette, Les amis du château de Vianden. Éditions Saint-Paul, Luxembourg. ISBN 2-919883-07-0.
  • Zimmer, John, 2010. Die Burgen des Luxemburger Landes. Band 3: Brandenburg, Dudelange, Koerich, Larochette, Septfontaines, Stolzemburg, Vianden. Éditions Saint-Paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-919883-24-0 (cf. Ss. 96-241)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Veianen – Biller, Videoen oder Audiodateien
Commons: Chapel of Vianden castle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. den detailléierte Rondgank duerch d'Gebaier mat Beschreiwunge vun all Raum op der Websäit vun de Veianer Schlassfrënn.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 11. Januar 2024).