Jousefskierch Esch-Uelzecht
| Jousefskierch Esch-Uelzecht | |
| Uertschaft | Esch-Uelzecht |
| Par | Esch St. Joseph |
| Numm / Patréiner | Hl. Jousef |
| Konsekratiounsjoer | 1877 (14. Mee) |
| Parverband | Esch-Uelzecht |
| Architekt(en) | Charles Arendt |
| Kierchen - Kapellen | |
Déi neogotesch Kierch vun Esch-Uelzecht gouf de 14. Mee 1877 vum Bëschof Nicolas Adames geweit. D'Pläng ware vum Charles Arendt, deen de Concours gewonnen hat, dee vun der Gemeng ausgeschriwwe gi war.
Si gouf 1997 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.
Inhaltsverzeechnes |
Héichaltor [änneren]
Den Héichaltor hannen am Chouer staamt aus dem Atelier Koch vun Tréier, op him stinn eng Statu vun der Tréischterin am Leed, driwwer den hl. Jousef a riets a lénks dervun d'Apostele Péitrus a Paulus. De rietse Säitenaltor weist déi hl. Famill, op dem lénkse steet eng Pietà. Déi gemoolte faarweg Fënstere sinn aus der Franz Mayer'schen Hofkunstanstalt a weisen virun allem Zeenen aus dem Liewe vun der hl. Famill.
Wandmolereien [änneren]
Déi figurativ Molereien op de Wänn si vum J. Schneider vu Köln a goufen 1908 fäerdeg. 1960 gouf driwwer ugestrach a bei der leschter Restauréierung, déi 2002 ofgeschloss war, goufe se nees fräigeluecht. Si weisen op de Wänn vum Mëttelschëff Medaillonen mat Hellegen an am Chouer Zeenen aus der Bibel déi a Relatioun mat der Eucharistie sinn.
Fënsterrous [änneren]
Déi ornamental Fënsterrous um Duxall vun 1964 hanner der Uergel ass vum Gustave Zanter.
Uergel [änneren]
Déi haiteg Uergel vun 1977 ass vun der Firma Westenfelder vu Lëntgen.
Pietà [änneren]
Gediechtneskapell fir d'Affer vum 2. Weltkrich [änneren]
Am November 1947 gouf eng nei ugbaute Säitekapell ageweit, fir den Affer vum Zweete Weltkrich aus der Par ze gedenken.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gediechtneskapell Jousefskierch Esch-Uelzecht ![]()
Kuriositéiten [änneren]
- Un der Fassad vum Säiteschëff a westlecher Richtung steet de Schrëftzuch: EGO SUM RESURRECTIO ET VITA (Ech sinn d'Opersteiung an d'Liewen). Dorënner fënnt een de Lëtzebuerger Léiw an d'Muttergottes mam Jesuskand, béides a Wopeform duergestallt.
Literatur [änneren]
- Schnell Kunstführer N°2517: Pfarr- und Dekanatskirche St. Joseph Esch-sur-Alzette, 1. Oplo, 2002, 24 Säiten.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Esch-Uelzecht
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Jousefskierch Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien |