Luxair
|
|
|
|---|---|
| Gegrënnt: | 1948 |
| IATA-Code: | LG |
| ICAO-Code | LGL |
| Ruffzeechen: | Luxair |
| Sëtz: | Lëtzebuerg |
| Status: | Société Anonyme |
| Flott: | 17 (Dovunner 1 am Leasing) |
| Destinatiounen: | 32 |
D'Luxair ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Geschicht
Den 9. Januar 1948 gouf d'Luxembourg Airlines Company gegrënnt an den 2. Februar 1948 ass hiren éischte Fliger, eng Douglas DC 3 op de Fluchhafe Le Bourget op Paräis geflunn. D'Gesellschaft ass 1961 a Luxair - Société Luxembourgeoise de Navigation Aérienne ëmbenannt ginn. 1962 huet d'Gesellschaft mat Fluch-Operatiounen ugefaangen. Déi éischt Linn war Lëtzebuerg - Paräis a gouf mat enger Fokker F-27 Friendship geflunn.
1967 hunn der Gesellschaft schonn 3 Fokker F-27 Friendship an eng Vickers Viscount gehéiert. Mat der Zäit goufen déi Fligeren awer duerch Type vu Boeing an Embraer ersat.
1970 ass d'Luxair eng vun deene Gesellschaften, déi d'Cargolux grënnen.
[änneren] Accidenter
Den 22. Dezember 1969 ass de Vol vu Frankfurt am Main bei der Landung um Findel vun der glëttscheger Pist ofkomm a schliisslech an enger Schnéiwick mat gebrachenem viischten Train un d'Hale komm. Glécklecherweis sinn d'Passagéier an d'Crew mam Schreck dervukomm, mä de Fliger, eng Vickers Viscount, LX-LGC, hat nëmmen nach Schrottwäert. [1]
De 6. November 2002 um 10:05 koum et zu engem schlëmmen Accident. Eng Fokker 50, LX-LGB, déi vu Berlin koum, ass an engem Feld bei Nidderaanwen erofgefall. Bei deem Ongléck sinn 20 Mënschen ëmkomm; nëmmen zwéin hunn iwerlieft. Wéi et zu där Katastroph koum, ass nach gréisstendeels onkloer. [2]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Fluch 9642 ![]()
Den 23. September 2003 um 08:40 ass de Vol Luxair LG8852, dee vu Wien koum, riets Richtung Bierelergronn vun der Piste 06 ofkomm an um Zonk hänke bliwwen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxair Fluch 8852 ![]()
[änneren] Wiem d'Luxair gehéiert (Mee 2007)
- 23,1% Lëtzebuerger Staat
- 13,4% Spuerkeess - BCEE , Lëtzebuerg
- 13,2% Luxair an anerer
- 13,1% BIL, Lëtzebuerg
- 13,0% Deutsche Lufthansa, Däitschland
- 12,1% Fortis Banque Luxembourg, Lëtzebuerg
- 12,1% Panalpina World Transport AG
[änneren] Luxair a Cargolux (Mee 2007)
Der Luxair gehéieren 52,12 % vun der Cargolux.
[änneren] D'Luxair an hir Fligeren
|
|
|||
|---|---|---|---|
| Immatrikulatioun | Fliger | Modell | Plazen |
| LX-LGA | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402 | 72 |
| LX-LGC | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402 | 72 |
| LX-LGD | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402 | 72 |
| LX-LGE | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402 | 72 |
| LX-LGF | Bombardier Q400 | DHC-8-Q402 | 72 |
| LX-LGI | Embraer ERJ-145 | ERJ-145-LU | 49 |
| LX-LGJ | Embraer ERJ-145 | ERJ-145-LU | 49 |
| LX-LGK | Embraer ERJ-135 | ERJ-135-LR | 37 |
| LX-LGL | Embraer ERJ-135 | ERJ-135-LR | 37 |
| LX-LGQ | Boeing 737-700 | B737-7C9 WIN | 141 |
| LX-LGR | Boeing 737-700 | B737-7C9 WIN | 141 |
| LX-LGS | Boeing 737-700 | B737-7C9 WIN | 141 |
| LX-LGT | Boeing 737-800 | B737-8K5 WIN | 186 |
| D-AXLK | Boeing 737-800 | B737-800 WIN | 186 |
| LX-LGW | Embraer ERJ-145 | ERJ-145-LU | 49 |
| LX-LGX | Embraer ERJ-145 | ERJ-145-LU | 49 |
| LX-LGY | Embraer ERJ-145 | ERJ-145-LU | 49 |
| LX-LGZ | Embraer ERJ-145 | ERJ-145-LU | 49 |
Bestellungen: Zwou 737-800, mat 186 Sëtzplatzen an 4 Bombardier Q400NG mat 72 Sëtzplatzen Optiounen: 4 Bombardier Q400NG
[änneren] Faarf vun de Luxair-Fligeren
Vun Ufank un haten d'Fligeren eng turquoise Faarf.
Deen éischte Bombardier Q400 vun der Luxair, deen den 31. Mee 2007 fir d'éischt um Fluchhafe Lëtzebuerg gelant ass, ass an de rout-wäiss-bloe Faarwen.
[änneren] Fréier Fligeren an am Leasing
- Vickers Viscount
- Fokker F-27 Friendship
- Den 12. Mäerz 2005 huet d'Luxair hire leschte Fokker 50 un d'Amapola Flyg (APF/Stockholm Arlanda) verkaaft. Déi Gesellschaft hat schonns zwou Fokker 50 vun der Luxair kritt.
- Den zweete B737-500 (LX-LGN) deen d'Luxair zu Lëtzebuerg immatrikuléiert hat, ass am Abrëll 2005 un déi tschechesch CSA Czech Airlines op Prag verkaaft ginn. D'CSA huet en dunn am Juni 2008 un déi russesch Aeroflot-Nord, déi neierdéngs Nordavia heescht an hire Sëtz zu Archangelsk huet, weiderverkaaft. Bei der CSA war hien den OK-WGD, a Russland flitt hie mat der Nummer VP-BKP [3][4].
- Den drëtte B737-500 (LX-LGO) Château de Clervaux, huet d'Luxair am Dezember 2006 un déi jordanesch Charterfluchgesellschaft Jordan Aviation verkaaft, déi en dann awer schonn am Mäerz 2007 un d'Alexandria Airlines op Alexandria an Egypten weidergereecht huet. Esou ass seng Immatrikulatioun fir d'éischt JY-JA1 an duerno SU-KHM ginn[5].
- De véierte B737-500 (LX-LGP) Château de Bourglinster gouf den 23. August 2010 op MST (Maastricht) geflunn, wou hien d'Lackéierung vu sengem neie Besëtzer, der Georgian International Airlines aus Georgien, krut an als 4L-AJA nei immatrikuléiert ginn ass. [6]
- Déi siwent an aacht ERJ-145 mat den Immatrikulatiounen LX-LGV [7] an LX-LGU [8] goufen am Mäerz/Oktober 2007 ofgestouss a fléien elo bei Champion Air fir d'US Motorsportecurie Dale Earnhardt ënner der Nummer N138DE [7] respektiv N500DE [8].
- Der Luxair hiren eenzege Boeing 737-800 mat der Immatrikulatioun LX-LGT ass vun der däitscher TUIfly geleast.
[änneren] Eenzelreferenzen
- ↑ Aviation Safety Network (en)
- ↑ Aviation Safety Network (en)
- ↑ planesregister.com (en)
- ↑ planespotters.net (en)
- ↑ planesregister.com (en)
- ↑ planespotters.net (en)
- ↑ 7,0 7,1 airliners.net (en)
- ↑ 8,0 8,1 airliners.net (en)
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Luxair – Biller, Videoen oder Audiodateien |