Geographie vu Lëtzebuerg
Lëtzebuerg läit a Westeuropa tëschent der Belsch, Frankräich an Däitschland. Et huet eng Fläch vun 2.586 km².
Déi gréissten Distanz vun Norde no Süden (Huldang-Rëmeleng) bedréit 82 km, vu Westen no Oste sinn et der maximal 57 km (Pärel-Rouspert).
D'Land deelt sech an zwou geographesch Regiounen:
D'Éislek am Norden, duerchschnëttlech 450 m héich, ass en Deel vun den Ardennen; d'Guttland am Süden hëlt zwee Drëttel vum Territoire an a läit am Duerchschnëtt 215 m iwwert dem Mier. Am Oste gëtt d'Guttland vun der Wäigéigend op der Musel ofgegrenzt; am Süde geet et an de Loutrénger Plateau iwwer, deen zu Lëtzebuerg Minettsgéigend genannt gëtt.
An der Gemeng Ëlwen läit déi héchste Plaz, Op Kneiff bei Wilwerdang mat 560 Meter iwwer NN an déi zweethéchsten, d'Buergplaz zu Huldang mat 558,35 Meter iwwer NN.[1] Deen déifste Punkt läit do, wou d'Sauer an d'Musel leeft: op der Spatz zu Waasserbëlleg, 130 m iwwer NN. D'Stad Lëtzebuerg, méi genee d'Plëss d'Arem, läit op enger Héicht vu 304 Meter.
Ausser der Kuer, mat hiren Niewebaachen, der Rouerbaach, der Mierbaach an der Maragole, am Süde vum Land, an der Fooschtbaach am Éislek, déi an d'Meuse lafen, gehéiren all d'Waasserleef zu Lëtzebuerg vum Baseng vun der Musel.
Inhaltsverzeechnes |
Vegetatioun [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Bësch zu Lëtzebuerg ![]()
Kuckt och [änneren]
Literatur [änneren]
- Storoni, A., 2010. Les Paysages Géologiques du Luxembourg. 57 S. Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht. ISBN 978-2-87953-096-3
- Bousch, P., T. Chilla, P. Gerber, O. Klein, C. Schulz, C. Sohn & D. Wiktorin (Koord.), 2009. Der Luxemburg Atlas. Atlas du Luxembourg. 224 S. emons: (=Hermann-Josef Emons Verlag). ISBN 978-3-89705-692-3 (D'Artikele sinn zu engem Deel op Franséisch, déi aner op Däitsch geschriwwen).
- Goerens, Jean-Mathias, Jean-Claude Muller, Yves Robert, Gian Giuseppe Simeone, Gilbert Trausch, Danièle Wagner & Frank Wilhelm, 1995. Grand-duché de Luxembourg. Le guide. Éditions Saint-Paul. 239 S. ISBN 2-87963-206-4. (En Iwwerbléck iwwer d'Geschicht, d'Geographie an d'Economie vum Land).
- Back, Nicolas, 2001. Unsere Bergnamen. In: Lëtzeburger Sonndesblad. - Jg. 134 (2001), Nr. 39, S. 14; Nr. 40; S. 14; Nr. 41, S. 14; Nr. 42, S. 14.
Kuckt och [änneren]
Referenzen an Notten [änneren]
- ↑ A. Storoni, 2010, S. 15: 560 m fir op Kneiff, 559 m fir d'Buergplaz.