Kuer
| Kuer (Chiers) | |
D'Kuer zu Longuyon |
|
| Längt | 112 km |
| Héicht vun der Quell oder Zesummelaf |
340 m |
| Duerchschnëttsdebit | 26,22 m³/s |
| Fläch vum Baseng | 2 222 km² |
| Leeft an: | Meuse |
| Floss - Hydrologie | |
D'Kuer (och Kar, Kor oder Korn, Chiers op Franséisch; Korn op Däitsch) ass e Floss zu Lëtzebuerg, laanscht der Belsch an a Frankräich. Si ass en Niewefloss vun der Meuse.
D'Kuer entspréngt an der Gemeng Déifferdeng südlech vun Uewerkuer op enger Héicht vun 318 m, um Fouss vum Ronnebierg um Flouer Korspronk, a leeft dann a Richtung Norde bis op d'Biff tëscht Nidderkäerjeng a Péiteng. Do béit se of no Westen, fir da weider laanscht Lénger a Péiteng bis op Rodange ze lafen. Zu Rodange leeft s'eriwwer a Frankräich, duerch Lonkech a Longuyon (Departement Meurthe-et-Moselle ) a mécht bei Torgny (Gemeng Rouvroy) op e puer Kilometer d'Grenz mat der Belsch. Se leeft virun duerch Frankräich, laanscht Montmédy, (Departement Meuse) a Carignan (Departement Ardennes).
Zu Bazeilles, no bei Sedan, leeft d'Kuer, no 112 km an d'Meuse.
Si ass ee vun de lëtzebuergesche Waasserleef, deen net zum Baseng vun der Musel gehéiert.
Inhaltsverzeechnes |
Nieweflëss[änneren]
- Zu Lëtzebuerg
- Rouerbaach tëscht Déifferdeng a Käerjeng
- Mierbaach op der Biff
- Maragole am Grousse Brill tëscht Péiteng a Rodange
- An der Belsch
- Op der belsch-franséischer Grenz
- A Frankräich
-
- Brühl mat dem Ruisseau des Chmettes bei Mont-Saint-Martin
- La Moulaine
- Crusnes
- Ruisseau de Poncel
- Dorlon zu Charency-Vezin
- Ruisseau d'Épiez zu Épiez-sur-Chiers
- Ruisseau de la Naue
- Ruisseau de Fresnois
- Othain
- Le Chabot
- Ruisseau des onze Fontaines
- Thonne
- Loison
- Ruisseau de la Charpenterie
- Ruisseau du Bouillon
- Ruisseau de Baâlon
- Ruisseau de Bièvres
- Ruisseau du Moulin
- Marche
- Fossé des Dors
- Ruisseau du Woyen
- Ruisseau de Prêle
- Ruisseau du Fond de Naive
- Ruisseau de Nonne
- Aunois
- Ruisseau de la Fabrique
- Ruisseau de Lombut
- Ruisseau de Vaudimé
- Ruisseau rouge
- Ruz de Londres
- Ruisseau de Magne
- Ruisseau de Boulacourt
- Ruisseau de Rubecourt
Debit[änneren]
Mëttleren Debit vun der Kuer (a m³/Sekonn), gemooss an der hydrologescher Statioun vu Carignan
Gerechent iwwer 43 Joer [1]

Referenzen[änneren]
- ↑ Banque Hydro - station B4631010 - La Chiers à Carignan (d'Haischen « Station en service » net uklicken)
Kuckt och[änneren]
| Nieweflëss vun der Meuse | |
|---|---|
| Lénks : Alyse - Andon - Aroffe - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq | |
| Riets : Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne | |
| Kuckt och : Baseng vun der Meuse | |
| Commons: Chiers – Biller, Videoen oder Audiodateien |