Süden
Süden oder Süd ass eng Haapthimmelsrichtung, déi vun iwwerall op der Äerd op de Südpol weist. Och op den anere Planéiten aus eisem Sonnesystem gëtt et d'Himmelsrichtung Süden, an och do weist si op de Südpol. Si gëtt fir d'Navigatioun a fir d'Angab vun de Koordinaten gebraucht.
Urspronk vum Wuert an aner Nimm [änneren]
Süden entstaamt engem algermaneschen Richtungsadverb sunþa "no Süden", den "ü" gëtt et eréischt zënter dem 12. Joerhonnert.
Süden heescht och:
- Meridies "Mëtt vum Dag", heimat gëtt den héchste Sonnestand vum Dag bezeechent, kuckt och Meridian (Astronomie) an Meridian (Geographie), meridional Zon.
- Mesembria, réimesch Hore vum Mëtteg
- a China steet den Äerdzwäig vum Päerd (午 wǔ) an d'Trigramm Feier (離 lí) symbolesch fir d'Himmelsrichtung Süden.
Definitiounen [änneren]
De Begrëff Süd oder Süden (Ofkierzung S) bezeechnet eng Bissectrice tëschent Ost (90 Grad) a West (270 Grad). D'Sonn ass um 12:00 Auer (Uertszäit) op der Nordhallefkugel ongeféier am Süden. Dofir léisst sech op der Nordhallefkugel mat enger Analogauer bei Sonnesiicht de Süde bestëmmen, andeems een de Stonnenzäer op d'Sonn riicht. De Südpol ass dann ongeféier op der Verlängerung vun der Wénkelhalbéierenden vum Stunnenzäer an der 12 (bei Normalzäit).
D'Nole vum Kompass si mat hire Spëtzen a Mëtteleuropa bal ëmmer no Norden resp. Süden geriicht. Déi eng Spëtzt vun der Magnéitnol weist zum magnéitesche Südpol, deen ërtlech net honnertprozenteg mat dem geographeschen Nordpol iwwereneestëmmt. D'Phenomen vun der Differenz tëschent geographesch Nord a magnéitesch Süd gëtt als Deklinatioun bezeechent. Fir déi genee Bestëmmung vun der Deklinatioun an domat fir d'Berechnung vun der Differenz gebraucht een entspriechend Donneeën op topographesche Kaarten oder d'hëlt ee Spezialkaarten iwwer d'Magnéitfeld (Isoklinen-Kaarten) derbäi.
An der haiteg verbreetester Method vun der Kartographie nom Mercator ass de Süden um ënneschte Blatrand vun der Kaart.