Ofkierzung

Vu Wikipedia

Als Ofkierzung bezeechent een déi verkierzte Form vun engem Wuert oder vun enger Wuertgrupp. Heizou gehéieren Akronymer, Kuerzwierder, Initialwierder a Buschtaweketten. Wat een elo ofkierzt, dat ass och gesellschaftlech bedéngt. So erschéngen Ofkierzunge wéi HP fir Homepage als regional, national oder duerch d'Textzort begrenzt.

Ofkierzungen entsti meeschtens an der Schrëftsprooch a fanne sech duerno an der Ëmgankssprooch erëm. Duerch de Gebrauch vun Ofkierzunge kann ee méi Informatiounen a méi kuerzer Zäit iwwermëttelen. Bäi engem iwwerdriwwen heefege Gebrauch vun Ofkierzunge riskéiert een awer, vu ville Leit net méi verstanen ze ginn. Et kommen dann och nach d'Virwërf vu Sproochpuristen derbäi, déi doran eng Vergewaltegung vun der Sprooch gesinn.

Ob eng Ofkierzung mat oder ouni Punkt geschriwwe gëtt, hänkt bei Wierder mat germanophonen Originnen am Prinzip dovun of, ob se och ofgekierzt ausgeschwat gëtt. Bei Wierder mat frankophonen Originne gëtt meeschtens duerno verfuer, ob de leschte Buschtaf vum ofgekierzte Wuert och ewechfält oder net.

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

  • Germanophon Ofkierzunge mat Punkt:
    z. B., wgl., d. h., asw.
  • Germanophon Ofkierzungen ouni Punkt:
    UdSSR, ARD, NATO, GmbH
  • Frankophon Ofkierzunge mat Punkt:
    M., S.A.
  • Frankophon Ofkierzungen ouni Punkt:
    Mme, St, Ste, Me