Gemeng Keel
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Kayl de: Kayl |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Esch-Uelzecht | ||||||
| Buergermeeschter: | John Lorent (LSAP) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 8.197 (2010) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.486 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 29' 11" N 6° 2' 21" O |
||||||
|
D'Gemeng Keel (orange) am Kanton Esch-Uelzecht (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Keel, fir d'Awunner "Käl", ass eng vun den 106 Lëtzebuerger Gemengen. Si läit am Kanton Esch-Uelzecht; den Haaptuert vun der Gemeng ass d'Uertschaft Keel.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [änneren]
Geographie [änneren]
|
Gemeng Käl um Widdem
|
|
Stäilwand um Hesselsbierg zu Téiteng
|
D'Gemeng Keel ass am Süde vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an engem Dall, dem Käldall, wat sech no Norde breet mécht an an den Uelzechtdall iwwergeet. Obwuel Rëmeleng (49°26'53") déi südlechst Uertschaft ass, läit de südlechste Punkt vum Lëtzebuerger Land an der Gemeng Keel, um Bann vun der Sektioun Téiteng, op der Grenzmaark FL-96 (49°26'51"). Duerch den Dall leeft vu Süden no Norden d'Keelbaach. De Käldall ass flankéiert op zwou Säite mat Koppen a klenge Bierger, déi den nërdlechen Deel vun der Cuesta vum Dogger duerstellen.
Op der ëstlecher Säit vu Süden no Norde gekuckt fanne mer hei de Perchesbierg, den Hesselsbierg, den Hérenterbierg, d'Haard, den Duelebierg, de Kalebierg, de Gaalgebierg an als leschten an der Rei de Gehaansbierg. Op der westlecher Säit steet de Millebierg, den Tewesbierg, de Bromeschbierg, nach e Gaalgebierg bei Aedelen, de Brucherbierg an d'Weimeschkëppchen. Do stoung uewen op der Kopp, op 390 m, eng keltesch Siidlung mat Ofwierhiwwelen.
Op an an deene Koppen ass Eisenäerz ausgegruewe ginn, vu Kelten, Réimer a bis an d'lescht Joerhonnert, wat dem Land säi Räichtum bruecht huet.
Nopeschuertschaften [änneren]
|
Zu Lëtzebuerg |
A Frankräich |
De Wope vu Keel [änneren]
D'Gemeng Keel huet hire Wopen duerch een Arrêté grand-ducal vum 30. Mee 1975 kritt (Memorial B vun 1975, Säit 534).
D'heraldesch Beschreiwung am Originaltext ass:
D'or au griffon de sable, armé et lampassé de gueules, wat op Lëtzebuergesch heescht, datt op engem gëllene Schëld e schwaarze Gräif mat roude Krallen an enger rouder Zong ass.
D'Gemeng Keel krut de Wopen zwar schonn eng Kéier 1972 zougesprach, awer well do Gesetzer sech iwwerschnidden haten, an eent dat anert ausser Kraaft gesat hat, ass dat net als rechtskräfteg ugesi ginn, sou datt d'Prozedur 1975 nach eng Kéier gemaach gouf.
Bevëlkerungsentwécklung [änneren]
Am Joer 1869, an deem d'Eisenindustrie gegrënnt an a Schwong koum, war Keel déi zweetgréisste Gemeng am Minett: Esch-Uelzecht 2869 Awunner, Keel 2864, Déifferdeng 2238, Diddeleng 1678 a Péiteng 1101 Awunner.
Wéineg bekannt dierft och sinn, datt d'Gemeng Keel 1951 déi sechstgréisste Gemeng vum Land war. D'Gemengenawunnerzuel war deemools 5750 Séilen, wouvun 3250 Awunner an der Uertschaft Keel waren.
Gemengerot [änneren]
De Gemengerot vu Keel gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 11 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|
| 1999 | 5 | 2 | - | 6 |
| 2005 | 3 | 2 | - | 8 |
| 2011 | 3 | 2 | 2 | 6 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Keel ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes an der Gemeng [änneren]
Literatur [änneren]
- Jos Dupong: Kayl in der Geschichte, Sankt-Paulus-Dréckerei Lëtzebuerg, Éischt Oplo: 1963, Zweet Oplo:1997
- Jules Kauffmann: Kayl früher und heute, Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1988
- Jules Kauffmann: Das Denkmal am "Sperrewee", Dréckerei: éditpress Lëtzebuerg, Oplo 1990
- Jules Kauffmann: Mit der Bannmühle durch die Jahrhunderte, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1993
- Les Cyclistes Kayl: Centenaire du Velo-Club "L.C.Kayl", Dréckerei polyprint s.a., Oplo 1996
- Jules Kauffmann: Kayl um Giinzebechel, Dréckerei polyprint s.a., Oplo 2000
- Marcel Bouschet / Gilbert Maurer: 70 Joer Käler Basket, Dréckerei St Paul Lëtzebuerg, Oplo 2002
Kuckt och [änneren]
- Gare Keel
- Gare Téiteng
- Géisserei a Schlässerei Massard
- Centre culturel "Schungfabrik"
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Keel

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Keel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Keel
- Syvicol
- Historia Kayldall
- De Kayldall
- TICE
- Tourismus
- Gesetz vum 27. Juni 1891 iwwer d'Creatioun vun enger neier Gemeng ënnert dem Numm Rëmeleng [lassgeléist vun der Gemeng Keel]
Beetebuerg | Déifferdeng | Diddeleng | Esch-Uelzecht | Fréiseng | Keel | Leideleng | Monnerech | Péiteng | Reckeng op der Mess | Réiser | Rëmeleng | Schëffleng | Suessem