Hérenterbierg

Vu Wikipedia
Den Hérenterbierg, aus dem Laangertegronn no Norde gekuckt
Déi fréier Téitenger Waldschoul

Den Hérenterbierg ass ee vun de villen Hiwwelen a Koppe ronderëm Téiteng a Keel. Den "Hérenter" steet op der ëstlecher Säit a seng héchst Plaz läit bei 380 Meter (NG-L). Ausser dem Ofbau vu Minett gouf am ënneschten Deel vum Bierg an den 30er Jore Beschäftegungs-Aarbechten duerchgefouert. Duerno goufe bis an déi 80er Jore Bëschfester do ofgehalen.
Den Hérenterbierg ass haut en Deel vum Naturpark Haard.

Och eng Waldschoul gouf et do. Haut stinn nëmmen nach d'Maueren do.