Diskussioun:Hérenterbierg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Bierg oder Hiwwel ?[Quelltext änneren]

Den Hérenterbierg schéngt also kee Bierg, mee nëmmen en Hiwwel ze sinn. Da musse mer eis och konsequent sinn an en eng Kategorie "Lëtzebuerger Hiwwelen" setzen. --Pecalux 09:59, 18 Mee 2007 (UTC)


Kuckt och: Zolwerknapp: "Den Zolwerknapp ass en Hiwwel zu Zolwer an der Gemeng Suessem." an: Gehaansbierg: "De Gehaansbierg (fr.: Mont St. Jean, de: Johannisberg) ass eng Erhiewung, déi tëscht Diddeleng a Keel läit." A wéi nenne der dann de K2 --Cornischong 10:09, 18 Mee 2007 (UTC)

Ech gesi kee Problem dran, d'Kategorie sou ze loossen, well al Knubbel hei "...bierg" heescht, et awer kee "richtege" Bierg ass. --Cornischong 10:59, 18 Mee 2007 (UTC)


Gudden Owend
Ech hunn emol bei eise chauvinisteschen Nopere gekuckt. Bei deenen ass et méi schlëmm. Wat am Ausland ass, an net grad sou héich ass, ass een Hiwwel oder eng Kopp. Bei hinnen doheem ass alles e Bierg. Dat fannen ech nach méi doutschlëmm. Mee wa mer mer mol eng Kéier 150 Artikelen iwwer 3dausender hunn, an 50 iwwer 2dausender da kënne mer vläicht ufänken äis de Kapp ze zerbriechen. Mat vill gudde Wëlle kréie mer dat och nach ronn. Ech wënschen emol jidderengem vill Freed beim Schreiwen. Les Meloures 20:57, 18 Mee 2007 (UTC)