Zolwerknapp

Vu Wikipedia
Zolwerknapp
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Suessem
Plaz Zolwer
Koordinaten 49°31'35"N, 5°56'13"O
Struktur Zeiebierg
Fläch 5,30 ha
Héicht 421,6 m
Basisschicht Striatulus-Schichten (lo4)
Deckschicht(en) Fallaciosus-Schichten (lo5)
Minett (lo6)
Minett (lo7)
Den Zolwerknapp. Zeechnung vum Jean-Pierre Schmit an Nicolas Liez.

Den Zolwerknapp ass en Hiwwel zu Zolwer an der Gemeng Suessem. En ass mat ronn 422 m eng vun den héchste Plazen am Guttland. Geomorphologesch gesinn handelt et sech ëm en Zeiebierg, dat heescht en Hiwwel, deen op senger Kopp nach Reschter vun enger méi haarder Schicht huet an dofir eleng an der Landschaft opfält.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

D'Buerg Zolwer gëtt déi éischt Kéier am Liber Aureus Epternacensis, dem gëllene Buch vun Iechternach genannt. Heibäi handelt et sech ëm eng Kopie, déi ee bis elo onbekannte Schreiwer vun enger Donatioun vu 793 gemaach huet. Rieds geet hei vun enger Villa Hagenen, déi d'Famill Garbanus dem Klouschter vun Iechternach schenkt. Dës Villa ass, sou d'Donatioun, juxta castellum nomine Zolveren, also bei enger Befestegung, déi Zolveren genannt gëtt. D'Buerg war deemools net méi wéi en hëlzenen Tuerm mat engem Rempart ronderëm. Virdru war op dëser Plaz en aalt a verloossent Réimerkastell.

1145 gouf d'Zolwer Buerg, wéi drësseg aner Buergen, vum Äerzbëschof Adalbero am Kader vu sengem Krich mam Heinrich IV. vu Lëtzebuerg zerstéiert. D'Buerg gouf kuerzdrop erëm opgebaut, dës Kéier aus Steen. Vun ale Kaarten a Beschreiwungen ass bekannt, datt du méi Gebaier do stoungen; aus dem alen Tuerm gouf en Aussiichts- a Wuechttuerm. Aus dem Rempart gouf eng fest Rankmauer mat engem Haapttuerm.

1475 war de Charel de Kéngen, Herzog vu Burgund, ongeféier 14 Deeg op der Buerg vun Zolwer. Hien a säi Monni, de Louis XI., Kinnek vu Frankräich, louche sech an den Hoer, well de Charel säin Herzogtum vergréissere wollt, mä dat war en Dar am A vum Louis. Tëscht hinne koum et zu ettleche Waffesrouen, sou och zu där vun Zolwer. De Louis war déi Zäit wou de Charel op Buerg Zolwer war, zu Vervins (läit haut am Département Aisne, ongeféier 40 km vu Laon ewech) an huet do op Urode vum englesche Kinnek Edward IV. eng Wafferou opgesat an ënnerschriwwen. Deen Text ass du dem Charel op d'Buerg vun Zolwer bruecht ginn, deen en do den 13. September kontersignéiert huet.

1552, am Krich tëscht dem Keeser Karl V. an dem Kinnek Henri II. vu Frankräich, gouf d'Festung Zolwer zerstéiert. Se gouf ni méi opgebaut.

Zanter 1931 ass den Zolwerknapp am Besëtz vum Staat. Bis haut goufe keng gréisser Ausgruewunge gemaach, bis op déi vum bekannte Pëtz, deen 1988 renovéiert gouf. Vum Rescht vun der Buerg si bis elo keng Spuere fonnt ginn.

Zanter dem 8. Dezember 1982 sinn d'Reschter vun der Buerg op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Monument national klasséiert.[1]

Legenden[änneren | Quelltext änneren]

Legend vum Alexander an dem Taran[änneren | Quelltext änneren]

D'Legend erzielt, datt viru méi wéi 600 Joer op der Buerg Zolwer den Alexander, dem Gespréich no e Raubritter aus dem Templeruerden, gehaust huet. Et war e raffinéierten a gefaarte Mann. Seng Päerd sollen hannevir beschloe gi sinn, fir eventuell Verfollger an déi falsch Richtung ze féieren.

Net wäit ewech vum Zolwerknapp, zu Bieles op engem Hiwwel, huet och e Raubritter gewunnt, den Taran.

Pëtz um Zolwerknapp

Allebéid ware se Meeschter an der Ëmgéigend an hate mateneen de gréisste Sträit. Sou koum et eng Kéier, datt den Alexander an engem Krich géint den Taran geschloe gouf a sech a seng Buerg huet missen zeréckzéien. Obschonn hie sech verzweiwelt gewiert huet, huet e sech missen erginn. Seng Fra louch virum Taran um Buedem ze kräischen an huet gebiedelt, si an hire Mann goen ze loossen. Den Taran hat näischt dogéint, awer nëmmen ënner der Konditioun, datt se nëmme souvill mathuelen däerften, wéi en Iesel op sengem Réck droe kéint. Eréischt op där Plaz, wou den Iesel vu Middegkeet zesummegéing, däerfte si sech nidderloossen.

Dem Alexander seng Fra huet souvill wéi méiglech op de Réck vum Iesel getässelt, nodeem se hiert Gold an de Pëtz gehäit hat. Hire verwonnte Mann huet si op den Halsebockel geholl, a sou si se an déi Richtung gaangen, wou haut Déifferdeng läit. Do wou déi Déifferdanger Mille stoung a wou de Buedem suppeg war, hat den Iesel Schwieregkeeten. Aus Angscht, op dëser Plaz fir ëmmer liewen ze missen, huet dem Alexander seng Fra den Iesel gegäisselt an en dozou bruecht, nach e puer Meter méi wäit op en Hiwwel ze klammen. Op dëser Plaz hu se sech en neit Schlass gebaut. Nach haut steet e Schlass do an nach haut leien d'Schätz vum Alexander am Pëtz um Zolwerknapp.

Eng Kéier huet den Nidderkuerer Paschtouer 7 Männer fonnt, déi kéng genuch waren, fir an de Pëtz ze klammen an d'Schätz erauszehuelen. Hien huet en e Klackeseel ginn, un deem se sech an de Pëtz erofloosse sollten an huet en agetriichtert nëmmen net mateneen ze schwätzen, wa se do ënnen ukomm wieren. D'Männer hunn d'Seel un e staarken Aascht ugestréckt, dee se queesch iwwer de Pëtz geluecht hunn, hunn nach e Wutz un d'Seel gehaangen an et an de Pëtz fale gelooss. Du si si, een nom aneren, um Seel erofgeklommen. Nodeem sech hir Aen un d'Däischtert am Bierg gewinnt haten, gesouche s'eng Këscht ganz no bei sech an e puer Schrëtt méi wäit eng zweet. Voller Freed hu si sech géigesäiteg begléckwënscht. Hätten se nëmmen un d'Wierder vum Paschtouer geduecht! Well wie souz abeemol op der éischter Këscht, am schwaarze Gezai? Den Däiwel! Ee Moment konnten se sech net méi réieren. Mä du si se hellewech op d'Seel gesprongen a, wat gëss de, wat hues de, erausgeklotert a fortgelaf. Wat mam Seel geschitt ass, weess keen.

Kuriositéiten[änneren | Quelltext änneren]

  • Ale, renovéierte Pëtz vun der Zolwer Buerg
  • 2 Aussiichtstierm
  • Kapell mat Muttergottesbild
  • Gedenktafel do wou d'Rue du Knapp (Kleckleschbierg) ufänkt, gebaut mat Steng vun der aler Buerg. Si ass do 1993 bei de Feiere vun 1200 Joer Buerg Zolwer opgehaange ginn.

Den Zolwerknapp an der Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Am Band 12 vun der Buchrei Lëtzebuerger Bibliothéik iwwer den Antoine Meyer, virgestallt a kommentéiert vum Roger Muller, steet dat hei:

Bleibt noch die Frage zu erörtern, wie der Autor auf den eigenartigen Titel seines Versbändchens gekommen ist: E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus.... Dieser Buchtitel, den er bei seinem zweiten Versbändchen fast wörtlich wiederholte, hat seinem Autor vielfach nur Spott eingetragen: "... Nur ein Professor konnte sich zu dem Namen verirren!" kommentiert beispielsweise Nik Welter diese Entscheidung, weil er der Meinung ist, das Produkt rechtfertige in keiner Weise die Referenz auf den Sitz der Musen.

Ähnliches hat Edmond de la Fontaine mit seinem bekannten Ausspruch an die Adresse seines Kollegen Michel Lentz ausdrücken wollen, den er wegen dessen uneinheitlicher Ausdrucksweise in seinem Gedichtband "Spaaß an Ierscht" kritisierte: "Kuck, wou s de stees a wou s de bass / Den Zolverknapp ass kee Parnass". Dass Dicks allerdings als Luxemburger Referenz ausgerechnet den Zolverknapp wählte, und nicht etwa den Gehaansbierg oder den Helperknapp, war kein Zufall, sondern hing damit zusammen, dass Antoine Meyers Mutter aus Sanem (Sassenheim) stammte, das bekanntlich in der Nähe des Zolverknapp liegt. Der durch sein Vaterhaus in all diesen Fragen bestens informierte Gouverneurssohn wusste darüber Bescheid, was umso einfacher zu erklären ist als Antoine Meyer sich stets unumwunden zu seiner und seiner Eltern Herkunft bekannte. So schrieb er beispielsweise in dem... Brief an seinen Sohn Edouard: "Ta grand-maman est natif [sic] d'un village à 3 lieues de Luxembourg nommé Sanem, en allemand Soiesem; le village est situé entre Luxembourg et Longwy, sur la cauche [!] de la grande route près du Zolver-Knap."

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).