Gemeng Feelen
| Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Feulen de: Feulen |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Dikrech | ||||||
| Kanton: | Dikrech | ||||||
| Buergermeeschter: | Fernand Etgen (DP) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 1.590 () |
||||||
| Fläch Gemeng: | 2274,6780 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 51' 17" N 06° 02' 38" O |
||||||
|
D'Gemeng Feelen (orange) am Kanton Dikrech (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Feelen ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Uertschaften an der Gemeng [1]
Déi zwou Uertschafte sinn och identesch mat den zwou Kadastersektioune vun der Gemeng déi folgend Flächen hunn:
- A de Nidderfuelen: 1437,4518 ha
- B d'Oberfeulen: 837,2262 ha
Zu der Gemeng Feelen gehéieren nach folgend Häff a Lieu-diten:
[änneren] Geschicht
Am Joer 963 huet den Ardennergrof Siegfried Lännereien zu Viulna (Feelen) géint de Bockfiels getosch.
[änneren] Kuckeswäerte"s
- 1961 goufen d'Parkierch an de Kierfecht niewendrun op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.
[änneren] D'Gemengeblat
D'Gemengeblat heescht De Louschlëssel
[änneren] Feelener Pompjeeën
Den 19. November 2004 gouf zu Nidderfeelen dat neit Pompjeesgebai ageweit. Datt et dozou koum, war der Fusioun ze verdanken, déi et erlaabt huet, d'Pompjeeswiesen ze zentraliséieren. Nodeems déi Nidderfeelener Pompjeeën mat deene vun Uewerfeelen fusionéiert haten, konnt deen neie Corps Pompjeeën Feelen gegrënnt ginn. Fir bal annerhallef Millioun Euro gouf en neit Gebai opgeriicht mat véier Stellplaze fir Gefierer, e modernen Instruktiounssall, e Büro, eng kleng Kiche, en Otemschutzraum mat Fëllméiglechkeet fir d'Pressloftfläschen, en Depot fir Material a getrennte Sanitäranlagen.
An datt de Corps soll uerdentlech equipéiert sinn, krut en en neien TLF. Et ass en TLF 2000 STAA (Staffel-Allrad-Autmatik), dee bis zu 2.000 Liter Waasser an 200 Liter Läschschaum gelueden huet. De Won weit 11.580 Kilo, huet Plaz fir sechs Persounen an enger Duebelequippekabinn. Vir ass en austafféiert mat enger Buedemsprutzanlag. E Liichtpotto fir nuets an eng Ariichtung fir Schnellugrëff an zwéin integréiert Optemschutzapparaten an der Kabinn huet en och. Well déi staatlech Instanzen an dësem Fall et net fir néideg fonnt haten, fir de Won (270.000 €) ze subventionéieren, huet d'Gemeng dat eleng gedroen.
Den 22. Oktober 2005 krut de Corps en neien Asazwon, e Pick-Up.
[änneren] Interkommunal Syndikater
SICONA-Centre - SYVICOL - SIGI - SIDEC - SICEC - SIDEC - SIDEN
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Feelen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Feelen
- Offiziell Säit vun der Feelener Musek
- Offiziell Säit vum Feelener Footballclub US Feelen
- D'Gemengebliedchen "De Louschlëssel" Nr 11 vum Mee 2006
- Syvicol
Ärenzdall | Bettenduerf | Buerschent | Dikrech | Feelen | Ettelbréck | Ierpeldeng | Mäerzeg | Reisduerf | Schieren
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.