Lëtzebuerger Fändel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Inhaltsverzeechnes

[änneren] De Fändel

De Lëtzebuerger Fändel

[änneren] Proportioun an Andeelung

3:5 oder 1:2 Horizontal, dräi Sträifen: rout, wäiss, hellblo

[änneren] Faarwen

De Règlement Grand-Ducal vum 27. Juli 1993 leet d'Faarwe folgendermoosse fest:

[änneren] Geschicht

D'Faarwe vum lëtzebuergesche Fändel si fir d'éischt ëm 1830 an der belscher Revolutioun opgedaucht, warscheinlech si se vum Wope vun der Provënz Limburg iwwerholl ginn, mam Ënnerscheed datt den Hannergrond sëlwereg a blo Sträife kritt huet. Déi horizontal dräifaarweg Andeelung ass den 12. Juni 1845 festgehalen ginn.

Et huet bis den 23. Juni 1972 gedauert éiert d'Gesetz iwwer de lëtzebuergesche Fändel [1] agefouert gouf. Doranner goufen och de Fändel/Schëld fir Schëffer a Fligeren designéiert.

[änneren] De Wopen

De Wope vu Lëtzebuerg

De Wope vu Lëtzebuerg ass eng Adaptatioun vum Wope vun dem Herzogtum vu Limburg. Dësen hat aus engem wäisse/sëlwer Schëld an engem roude Léiw bestan. Den Heinrich V. vu Lëtzebuerg, Jong vum Walram III. vu Limburg) huet dësen dann, fir e vu sengem Papp a sengem Hallef-Brudder hiren z'ënnerscheeden, verännert andeems e wahrscheinlech (cf. Jean-Claude Loutsch: Armorial du Pays de Luxembourg) d'Faarwe vum Banner (giel a rout Sträifen) vun den ale Grofe vu Lëtzebuerg emgeännert huet a mat dem roude Léiw kombinéiert huet.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wope vu Lëtzebuerg Nuvola apps xmag.png

[änneren] De Roude Léiw

De Roude Léiw
Auto-collant mam Roude Léiw

De roude Léiw ass zënter 1972 den offizielle Fändel (Pavillon) fir all Schëffer (ob se op engem Floss, Kanal oder um Mier fueren) a Fliger, déi zu Lëtzebuerg ugemellt sinn. En ass direkt ofgeleet vum Wope vun der groussherzoglecher Famill. De Roude Léiw um Wope vun der Stad Lëtzebuerg gesäit e bëssen anescht aus, deen huet kee gespléckte Schwanz an och keng gëlle Krallen an Zong.

[änneren] De Roude Léiw als Fändel?

De 5. Oktober 2006 huet den Deputéierten Michel Wolter eng Gesetzpropositioun [2] an der Chamber agereecht fir den aktuellen Nationalfändel (rout-wäiss-blo) duerch de Pavillon Maritime (Roude Léiw) ze ersetzen. En argumentéiert, datt den aktuelle Fändel regelméisseg mat dem hollännesche Fändel verwiesselt géif an datt de Roude Léiw anerersäits méi populär, méi ästetesch an historesch méi bedeitend wier. Vill national Politiker (dorënner Leit un der Spëtzt vum Wolter senger eegener Partei CSV) a Perséinlechkeeten hu sech an der Press verwonnert gewisen, wat d'Noutwennegkeet an den Zäitpunkt vun dëser Ännerung ugeet. Déi eenzeg politesch Partei, déi sech fir dës Initiativ ausgesprach huet, war d'ADR.

De 24. Oktober huet eng privat Initiativ mam Numm Initiativ Roude Léiw op enger Pressekonferenz erkläert, dem Michel Wolter säi Projet op enger net-politescher Basis z'ënnerstetzen. Hir éischt Aktioune sollten d'Verdeele vu Roude-Léiw-Autocollanten sinn, an dat op eng Petitioun an enger Internet-Ëmfro hin.

Säitdeem goufen eng Zuel Parodië vun dëser Initiatv mat méi oder manner Erfolleg kréeiert, zum Beispill d'Initiativ Schwaarzt Rëndvéi.

Méi seriös gemengt war d'Initiativ Roud-Waiss-Blo déi fir den Erhalt vun der Trikolor agetrueden ass.

De 12. Februar 2007 huet d’'Initiativ Roude Léiw dem Chamberpresident Lucien Weiler hir Pétitiounslëscht mat 26.600 Ënnerschrëften iwwerreecht, déi zanter dem 23. Oktober 2006 iwwer Internet oder Lëschten am ganze Land gesammelt goufen.

Et koum schlussendlech zu engem Gesetzprojet, deen déi zwéi Fändelen als Nationalfändel virgeséich, deen awer vum Staatsrot staark kritiséiert gouf. Zënterhir ass et roueg ginn ëm de Projet, wéi och ëm déi ganz Initiativ. De Michel Wolter ass zënter dem 15. Abrëll 2009 Administrateur vun der "net-politescher" Initiativ Roude Léiw a "sicht no roude Léiwen an der ganzer Welt" [3][4].

[änneren] D'Kokard vun der Militäraviatioun

D'Kokard vun der Militäraviatioun

Duerch d'groussherzoglecht Reglement vum 15. Februar 1982 [5] ass eng Kokard fir d'Militäraviatioun festgeluecht ginn.

D'AWACS Loftopklärer vun der NATO, déi zu Lëtzebuerg immatrikuléiert sinn droen dës Kokard.

[änneren] Literatur

  • Loutsch, Jean-Claude: Armorial du pays de Luxembourg; Luxembourg, Imprimerie Saint Paul, 1974

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Lëtzebuerger Fändel – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen