Preisesch-Éisträichesche Krich

Vu Wikipedia
D'Schluecht bei Königgrätz (resp. Sadowa) 1866, déi den Ausgang vum Krich entscheet huet.

De Preisesch-Éisträichesche Krich oder Éisträichesch-Preisesche Krich, an Däitschland an Holland och dacks "Däitsche Krich" genannt, war e Krich tëscht dem Däitsche Bond ënnert der Féierung vum Keesertum Éisträich, an op der anerer Säit dem Budesstaat Preisen an deem sengen Alliéieren.

D'Ursach fir de Krich war haaptsächlech, well Éisträich a Preisen sech ëm d'Féierungsroll am Däitsche Bond gestridden hunn. Virwand fir de Krich 1866 unzefänken, war de Sträit ëm d'Administratioun vum Herzogtum Schleswig an dem Herzogtum Holstein nom Enn vum Däitsch-Dänesche Krich.

Krichsparteien[änneren | Quelltext änneren]

Alliancen:
blo: Preisen
hellblo: Alliéiert vu Preisen
rout: Éisträich
rosa: Alliéiert vun Éistraich
giel: Schleswig an Holstein
gréng: Neutral Staaten.

Dee gréissten Alliéierte vu Preise war Italien. Dat nei gegrënnt Italien hat sech doduerch erhofft, bei enger preisescher Victoire vun Éisträich Territoiren ofgetrueden ze kréien. Dobäi koumen d'Groussherzogtum Oldenburg an déi Fräi Hansestied Hamburg, Bremen a Lübeck, d'Herzogtum Braunschweig, d'Herzogtum Sachsen-Altenburg, d'Herzogtum Anhalt, d'Herzogtum Sachsen-Coburg-Gotha an d'Fürstentum Lippe d'Fürstentum Waldeck-Pyrmont, d'Groussherzogtum Mecklenburg-Schwerin an d'Groussherzogtum Mecklenburg-Strelitz. Am Laf vum Krich koumen nach e puer Staaten derbäi, déi am Ufank neutral waren.

Op der anerer Säit, zum Däitsche Bond, ënner der Féierung vun Éisträich, hu gehéiert: d'Kinnekräicher Sachsen, Bayern an Hannover (bis den 29. Juni 1866), an de Bundeskorps deen aus den Truppe vum Kinnekräich Württemberg, dem Groussherzogtum Hessen, dem Groussherzogtum Baden, dem Herzogtum Sachsen-Meiningen, dem Kurfürstentum Hessen, dem Herzogtum Nassau an der Fräier Stad Frankfurt zesummegesat war.

D'Fürstentum Liechtenstein, sou wéi och d'Groussherzogtum Lëtzebuerg an d'Herzogtum Limburg (déi allen zwee dem hollännesche Kinnek ënnerstoungen) blouwen neutral.

Et gouf e puer Schluechten, déi, bis op eng, all vu Preisen oder sengen Alliéierte gewonne goufen. D'Schluecht bei Königgrätz (tschechesch: Hradec Králové respektiv bei Sadowa (tsch.: Sadová) huet de Krich schlussendlech entscheet: Den 3. Juli 1866 sinn do op enger Front vu ronn 10 Kilometer 400.000 Zaldoten openeegeroden. Preisen huet dës Schluecht zu senge Gonschte kënnen entscheeden. Als wichteg Neierungen an där Schluecht, déi mat zu de preisescher Victoire bäigedroen hunn, war de massive Réckgrëff op d'Eisebunn fir den Truppentransport, den Asaz vum Telegraph fir Rapporte vun der Front no "uewe" weiderzeginn, an de Gebrauch vun neie Gewierer, déi mat Patrounen, an net méi vu vir am Laf geluede goufen, a sou méi séier nees schossbereet waren.

Domat war och d'Enn vum Däitsche Bond besigelt, an de Wee fräi fir d'Däitscht Keeserräich ënner preisescher Féierung.