Match

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Supermarchéschaîne Match. Fir d'sportlech Ausernanersetzung, kuckt wgl. Match (Spill).
Dësen Artikel iwwer eng Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Logo vu Match

Match ass den Numm vun enger franséisch-belscher Supermarchés-Chaîne, déi zum Grupp Louis Delhaize gehéiert, an a Frankräich (besonnesch am Norden an am Osten), an der Belsch, a bis 2023 zu Lëtzebuerg Filialen huet, resp. hat.[1]

Zu Lëtzebuerg hunn 2023 1.200 Leit fir dëse Grupp (2004: 930) geschafft. Dat Joer hat en do zwee Hypermarchéen a 25 Supermarchéen an Epicerië bedriwwen. [2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Grupp geet zeréck op de Georges an de René Delhaize (vun der belscher Supermarchés-Famill), déi 1908 a Frankräich 3 Gesellschafte gegrënnt hunn: Docks du Nord (Lille), Sanal (Nanzeg), a Sadal (Stroossbuerg). 1934 hu se d'Marque Match gegrënnt. 1960 gouf deen éischte Supermarché am Departement Nord opgemaach.

1990 goufen d'Enseignen am Elsass, Loutrengen an am Norden ënner dem Numm "Match" vereenegt.

2023 huet d'Grupp Louis Delhaize d'Supermarchéë Cora, Match a Smatch zu Lëtzebuerg un d'Firma E.Leclerc verkaaft. D'Aarbechtskontrakter goufen all iwwerholl.[2]

Butteker[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Implantatioun vu Match op supermarche-match.be
  2. 2,0 2,1 "Reprise vu Butteker: E.Leclerc iwwerhëlt 27 Supermarchéen zu Lëtzebuerg." rtl.lu, 20.07.2023.