Supermarché

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Qsicon Ueberarbeiten.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
E Supermarché zu Portland, Oregon, USA.

E Supermarché ass en Eenzelahandels-Etablissement, an deem virun allem Liewensmëttel an Artikele fir den deegleche Gebrauch am Self-service verkaaft ginn. Zu Lëtzebuerg (wéi och a Frankräich, der Belsch, Italien, Spuenien an Dänemark) ass d'Surface vun engem Supermarché tëscht 400 a 4000 m² definéiert. Drënner schwätzt ee vun enger Superette, driwwer vun engem Hypermarché.

D'Konzept vum Supermarché kënnt aus den USA. An Europa huet als éischte Supermarché de Migros zu Basel 1948 seng Dieren opgemaach. An Däitschland war dat ee Joer drop een zu Osnabrück (deen awer kee Succès hat a gesschwënn nees zougemaach huet), an der Belsch 1957 en Delhaize op der Place Flagey zu Ixelles (Bréissel), an a Frankräich 1958 den Express Marché zu Rueil-Malmaison. Deen éischte Supermarché zu Lëtzebeurg war 1967 de Cactus zu Bäreldeng.

Déi meeschte Supermarchée sinn Deel vun enger Chaîne, déi méi deer Supermarchéen ënnert der selwechter Enseigne besëtzt oder steiert (z.B. am Kader vun engem Franchising-Kontrakt) oder vun engem Gruppement.

Grouss Supermarchéen hu bis zu 40.000 verschiddene Produkter, bei Discounter sinn dat der gewéinlech eng 1.000. D'Produkter snn no ausgeklügelte Systemer am Geschäft wéi och an den eenzele Regaler, placéiert, fir e méiglechst héijen Ëmsaz ze erreechen.

Commons: Supermarché – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools