Fürstentum Stavelot-Malmedy

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stavelot-Malmedy am 16. Jh.
D'Abei Stavelot

D'Fürstentum Stavelot-Malmedy, och Räichsabtei Stavelot-Malmedy, de.: Stablo-Malmedy, war e Fürstentum, dat vun der Mëtt vum 7. Joerhonnert bis 1795 bestanen huet, Deel vum Hellege Réimesche Räich vun Däitscher Natioun war an direkt dem Keeser ënnerstoung. U senger Spëtzt stoung de Prënz-Abt vun der Abtei Stavelot an dem Klouschter Malmedy dee souwuel déi weltlech wéi déi reliéis Muecht iwwer säin Territoire hat.

Et hat eng Fläch vu ronn 600 km² a louch gréisstendeels an den Däller vun der Amblève an der Ourthe, an den Ardennen. Et war dat zweetklengst Fürtentum am Hellege Réimesche Räich, just Bouillon war nach méi kleng. Am Norden huet et un d'Fürstentum Léck gegrenzt, am Osten un aner Fürstentümer vum Räich, an am Süden an am Westen un déi Siwwenzéng Provënzen an hirem jeeweilege politesche Kontext. Et gouf eng sëllechen Exklaven, wéi z. B. Sclessin an Ougrée (bis 1768), an och Ocquier-Bende, Hody a Louveigné-Fraipont.

Géint 648 huet den Hausmeier Grimoald d'Benediktinerkléischter Stavelot a Malmedy gegrënnt. De Kinnek Sigibert III. huet hinne Grondbesëtz ginn. Bis zum Enn ënnerstoung Stavelot dem Bistum Léck, Malmedy huet zu der Diözes Köln gehéiert. Ëm 1135 huet Stavelot-Malmedy sech zu engem "Räichsfürstentum" entwéckelt. Vu 1502/1510 u war et Member vum Nidderrhäin-Westfälesche Krees.

De Prënz-Abt war een absoluten Herrscher. Hie konnt zu bestëmmten Themen e konsultatiivt Organ, d'Generalstänn, konsultéieren, dat sech aus Vertrieder vu Klerus, Adel a Biergertum zesummegesat huet. Politesch bestoung d'Fürstentum aus 3 Deeler:

1795, ënner der Franséischer Revolutioun, gouf d'Fürstentum Stavelot-Malmedy opgeléist an säin Territoire ass an d'Departement Ourthe integréiert ginn. Nom Zesummebroch vum Premier Empire (1815) gouf den Territoire laanscht de Floss Eau Rouge gedeelt: de Westen, mat Stavelot, goung un d'Provënz Léck (Vereenegt Kinnekräich vun den Nidderlanden, vun 1831 u Belsch), den Osten, mam wallounesche Malmedy u Preisen.

1919, nom Traité vu Versailles, gouf den ëstlechen Deel der Belsch zougesprach a gouf Deel vun der Provënz Léck.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Cantons de l'Est (Belsch) Nuvola apps xmag.png

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Gaston Schuind, Stavelot-Malmedy, une principauté ecclésiastique de l'Ancien Régime ; anastalteschen Nodrock vun der Ausgab vun 1914; Bréissel, 'Éditions Culture et Civilisation', 1982; 126 Säiten.
  • François Baix, Étude sur l'abbaye et principauté de Stavelot-Malmedy - L'abbaye royale et bénédictine, des origines à l'avènement de S. Poppon, 1021 ; anastalteschen Nodrock vun der Ausgab vun 1924; Bréissel, 'Éditions Culture et Civilisation', 1981; 220 Säiten.
  • Roger Petit, Le pays de Stavelot-Malmedy face à l'expansion luxembourgeoise au début des Temps Modernes ; in: Mélanges Georges Hansotte, = Band 98 vum Bulletin de l'Institut archéologique liégeois ; Léck, 1986; Ss. 373-388.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Abbaye de Stavelot – Biller, Videoen oder Audiodateien