Lëtzebuerg-Kris

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Lëtzebuerg-Kris (oder Lëtzebuerg-Fro) ass eng Bezeechnung fir d'Ausernanersetzungen tëscht Frankräich an Däitschland, wéi 1867 d'franséisch Regierung ënner dem Napoléon III. wëlles hat, Lëtzebuerg ze kafen.

D'Kris goung domat op en Enn, datt d'europäesch Groussmuechte mam Traité vu London Lëtzebuerg fir neutral an onofhängeg erkläert hunn.

Ausgangssituatioun[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 1815, nom Artikel 67 vum Akt vum Wiener Kongress, hat den hollännesche Kinnek den Titel an d'Herrschaft iwwer dat nei gegrënnte Groussherzogtum Lëtzebuerg. Gläichzäiteg war d'Land Member vum Däitsche Bond ginn, an aus der Festung Lëtzebuerg gouf eng Bundesfestung, an där d'Preisen d'Garnisounsrecht haten. Den Däitsche Bond war am Fong geholl ni méi wéi eng Diplomatekonferenz, déi vun Zäit zu Zäit ënner dem Virsëtz vum éisträichesche Keeser zu Frankfurt zesumme koum. No der belscher Revolutioun (1830-1839), gouf d'Land economesch vun der Belsch getrennt, a gouf 1842 an de preisesch dominéierten Däitschen Zollveräin integréiert.

Ënner dem Napoléon III. huet Frankräich eng imperialistesch Aussepolitik bedriwwen, déi drop aus war, säin Territoire ze vergréisseren, ë. a. och, fir Preisen, dat 1866 den Däitsch-éisträichesche Krich gewonnen hat a voll am Komme war, de Bass kënnen ze halen. Preisen huet nämlech no der Opléisung vum Däitsche Bond den Norddäitsche Bond gegrënnt, e wichtege Schratt zu engem vereenten Däitschland ouni Éisträich. D'Festung Lëtzebuerg war zanter 1866 zwar keng Bundes-Festung méi, mä d'Preisen hunn hir Garnisoun do "vergiess"...

Mä schonn virdrun huet den Napoléon III. sech fir d'Belsch a fir Lëtzebuerg intresséiert. Hien huet Geheimverhandlunge mam Otto von Bismarck gefouert. Dësen huet him ze verstoe ginn, datt, wa Frankräich sech vun däitschen Territoiren ewechhale géif, a sech och net an däitsch Eenegungsbestriewungen amësche géif, hien näischt géif ënnerhuelen, wa Frankräich sech d'Belsch an/oder Lëtzebuerg uneegene wéilt.

Eng franséisch Annexioun vum jonke belsche Kinnekräich ass fir England absolut net a Fro komm. Déi Saach mat Lëtzebuerg wier scho méi einfach ze maache gewiescht: Preisen hätt dofir Holland entweder Ostfriesland an d'Plaz ofgetrueden, oder awer de Wëllem III. hätt vu Frankräich eng Kompensatioun vu fënnef Millioune Florenge kritt. Well de Wëllem knapps bei Keess war, huet hien den 23. Mäerz 1867 der 2. Optioun mam Kaf zougestëmmt. Hien huet dat awer ëffentlech gemaach, a sou koum et zu Protester an der däitscher Ëffentlechkeet. Och a Frankräich gouf dat staark kritiséiert, an et war nobäi, datt et e Krich tëscht Däitschland a Frankräich géif.

Zu Lëtzebuerg selwer[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg selwer hunn d'Politiker (déi gläichzäiteg meeschtens och Industriebesëtzer waren) drëms gestridden, wat fir eng Léisung an hiren Aen déi bescht wier.

Déi Streidereien sinn e wichtegt Element vum Michel Rodange sengem Renert wou de Geck doriwwer gemaach gëtt.

Fir eng Léisung ze fannen, gouf zu London eng international Konferenz organiséiert, déi de 7. Mee ugefaangen huet. Déi zwou Säite ware bereet, Kompromësser ze maachen, a sou konnt den 11. Mee 1867 de sougenannten Zweeten Traité vu London ënnerschriwwe ginn.

Wat decidéiert gouf[änneren | Quelltext änneren]

  • Frankräich keeft Lëtzebuerg net, den hollännesche Kinnek bleift Souverain vum Land.
  • Dofir zitt Preisen seng Garnisoun aus der Festung of an
  • d'Festung gëtt souwäit wéi néideg, zerstéiert.
  • Lëtzebuerg soll bei zukënftege Konflikter neutral bleiwen.
  • D'Garantiemuechte vum éischten Traité vu London: Frankräich, Groussbritannien, Preisen, Éisträich a Russland sollen och dës Kéier driwwer waachen, datt den Traité agehale géif.

D'Suitë vun der Lëtzebuerg-Kris[änneren | Quelltext änneren]

D'Spannungen tëscht Preisen a Frankräich goufen net ausgeglach, mä hu sech verstäerkt, well den Napoléon III. sech vum Bismarck bedru gefillt huet. Knapps 3 Joer duerno koum et dann zum Franséisch-Preisesche Krich (1870-1871).

Fir Lëtzebuerg waren et natierlech den Ofzuch vun de preiseschen Truppen an d'Schläife vun der Festung, déi héich Auswierkungen op d'Economie an d'Urbaniséierung vun der Stad Lëtzebuerg mat sech bruecht hunn. Lëtzebuerg konnt sech als eegestännege Staat stabiliséieren. E besonnesch wichtegen Aspekt war och, datt trotz der Neutralitéit Lëtzebuerg virun am Däitschen Zollveräin huet däerfe bleiwen, wat eng fundamental wichteg Roll bei der Entwécklung vun der Siderurgie gespillt huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Christian Calmes, 1867 - L'affaire du Luxembourg ; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1967.
  • Émile Haag, Was wollte Bismarck mit der Luxemburger Affäre 1867 ?  ; in: Hémecht, Jgg. 23 (1971), Heft 1, Ss. 43-58.
  • Christian Calmes, Danielle Bossaert, Histoire du Grand-Duché de Luxembourg ; Lëtzebuerg (St.-Paulus), 1994; ISBN 2-87963-209-9
  • Pierre Ruppert, Le Grand-Duché de Luxembourg dans les relations internationales. Recueil des traités, conventions et arrangements internationaux ; Lëtzebuerg, 1892; Ss. 151-152.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]