Keltescht Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

D'Kelte ware weeder en homogeent Vollek, nach hu s'eng politesch Eenheet gebilt, an haten och keng gemeinsam Identitéit, awer kulturell a sproochlech waren d'keltesch Volleksstämm, déi sech vun Irland bis an Anatolien néiergelooss hunn, matenee Famill.

D'Treverer, e Volleksstamm vun de Kelten, déi wéinst dem Reide vum Caesar a sengem De bello Gallico besonnesch ernimmt goufen, hate sech tëscht dem Rhäin an der Meuse néiergelooss. Als Zeeche vun engem bedeitenden Entwécklungsopschwong kënnen déi sechs urban Zentren, Oppida, ugesi ginn, déi iwwer d'Ardenne bis an den Honsréck verdeelt waren an deenen hir Urspréng bis op d'Joerhonnertwend vum zweeten op d'éischt Jh. v. Chr. zeréckginn.

Bei archeologeschen Ausgruewunge konnte verschidde keltesch Plazen am haitege Lëtzebuerg fonnt ginn:

D'Archeologe konnten um Tëtelbierg fënnef Bauphase feststellen. Déi véiert Phas war dee vum Caesar beschriwwenen Typ Murus gallicus, eng Zort hëlzent Gerëpp, dat mat Buedem a Steng gefëllt war. De Wall vun den zwou leschte Bauphasen ass ronderëm den am Ganzen 43 ha grousse Plateau gelaf. D'Siidlung war domat nom Donnersberg (Mons Jovis) an dem Martberg op der Ënnermusel (Rheinland-Pfalz) den drëttgréissten trevireschen Oppidum. Wéinst den Iewen an de Schlake kann ee vun enger intensiver Bronz- an Eiseveraarbechtung ausgoen. Do dernieft konnten e Keramiks- an e Mënzatelier archeologesch nogewise ginn. Et goufen awer keng Réckschlëss op Gebaier déi fir landwirtschaftlech Zwecker gebraucht gi wären. Den Tëtelbierg ass dowéinst als en handwierkleche Produktiouns- an Handelszentrum vun den Treverer unzegesinn.

Well et um Tëtelbierg keng Bauerenhaiser an Adelspalaise gouf, ass dovun auszegoen, datt d'Hären an der Noperschaft vun de Grafanlagen déi am Ëmland ausgegruewe goufen, gewunnt hunn. An engem Ëmkrees vun 20 km ëm den Tëtelbierg goufen an der Géigend vu Péiteng, Kënzeg, Giewel an Nouspelt entspriechend Adelsgriewer entdeckt.

 Méi Informatioun doriwwer an den Artikelen Kelteschen Oppidum um Tëtelbierg; Keltesch Adelsgriewer vu Giewel-Nouspelt a(n) Tumulus op der Schanz

Eng Rei Fonntstécker, wéi z. B. zéng Amphoren an en italieenesche bronze Baseng, weisen op fréi Kontakter mat de Réimer hin, iwwerdeems – wéi zu Giewel – e Scheiterhaufen, d'Iwwerreschter vun engem Banquet an d'Schierbele vu ronn 20 Amphoren et méiglech maachen, eng detailléiert Etüd vun de Begriefnesritualer aus der (Spéit-) La-Tène-Kultur (lescht Jh. v. Chr.) opzestellen. 29 méi rezent Grouwe mat verbrannten Déierereschter ginn Opschloss doriwwer, datt den Doudekult nach laang praktizéiert gouf. Dës Eegenschaft gesäit een och bei de Griewer vu Giewel, wou um Graf vun engem Adelegen, deen ëm 20 bis 15 v. Chr. begruewe gouf, nach bis an d'2. Joerhonnert n. Chr. Déiere geaffert a Mënzen néiergeluecht goufen.

D'zäitlech Reiefolleg vun de Griewer vu Kënzeg a vu Giewel erlaabt doriwwer eraus e prezisen Abléck an d'Akkulturatioun vun der trevirescher Féierungsschicht: iwwerdeems am eelste Graf vu Kënzeg an an den zwee éischte vu Giewel bal nëmme keltesch Keramik war, an importéiert Wueren als “Prunk” vum trevireschen Adel z'erkenne sinn, gëtt den Undeel vun der Keramik, déi no réimesche Formen imitéiert gouf, an der nächster Generatioun däitlech méi grouss. Telleren a Platen aus rouder Terra sigillata, dem roude blénkegen Iessgeschier vun de Réimer, a bronzent Drénk-Geschier fir Wäin, dokumentéieren net nëmmen datt déi Saache vun Arezzo an aus Südgallien importéiert goufen, mä och, datt nei Iessgewunnechten iwwerholl goufen.

Dekoréierten Eemer aus der Grafkummer B vu Giewel

An all de Griewer goufe Waffe fonnt, a Spueren, wéi d'Cheffe vun der keltescher Kavallerie se gemenkerhand haten.

E réimescht Schwäert (Gladius) dat an engem Graf zu Giewel fonnt gouf, wou e Mann, deen ëm 30 bis 20 v. Chr. begruewe gouf, weist doriwwer eraus drop hin, datt d'Trevererfürsten no der réimescher Eruewerung zimmlech séier an d'réimesch Arméi integréiert goufen. Am rezentste Graf, dat aus der Zäit ëm 20 v. Chr. staamt, ass ausser zwéin Eemeren aus Holz mat bronze Beschléi, keng aner gallesch Wuer méi dran.

Och de séieren Iwwergank (vu 50 bis 30 v. Chr.) op den trinomesche réimesche Wärungssystem aus Gold, Sëlwer a Bronz weist op eng enk Kooperatioun mat den neien Hären hin. D'Griewer sinn awer trotzdeem weiderhin op gallesch Aart mat vill Bäiloen ausstafféiert ginn, mat deenen op d'sozial Positioun vum Doudegen higewise sollt ginn. No bausse waren d'Griewer iwwerdeems onscheinbar Hiwwelen. D'Griewer, d'Begriefnesritualer an den Doudekult verroden, datt op d'mannst beim Doud d'Akkulturatioun nach net komplett war an déi réimesch Bräich bis d'2. Joerhonnert n. Chr. nach net ganz iwwerhand geholl haten. Et kann een deemno dervun ausgoen, datt den Iwwergang vun der trevirescher Féierungsschicht op déi réimesch Liewensforme lues a lues geschitt ass.

Mat der Quantitéit a Qualitéit vun den archeologeschen Entdeckungen um a ronderëm den Tëtelbierg, de villen Adelsgriewer an der Géigend ronderëm a wéinst de fréie Kontakter mat de Réimer, kann een dervun ausgoen, datt den Oppidum um Tëtelbierg eng méi wichteg Positioun hat, am Verglach mat änlechen Anlagen am Gebitt vun den Trevirer, wou sou Eegenschaften net nogewise konnte ginn.

Direkt no der Eruewerung vun de Réimer bestoung wärend ronn zwee Joerzéngte westlech vum Tëtelbierg en administrativen Zentrum mat enger Schreifstuff an enger Garnisoun, wat awer keen Nodeel fir déi kommerziell Bedeitung vum Oppidum hat.

Well den Tëtelbierg awer net um Augustus-Stroossennetz louch, sinn du géint Enn vum 1. Joerhonnert v. Chr. aner zentral Plazen, absënns Tréier, méi wichteg ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pauly, Michel. Geschichte Luxemburgs. 2., überarb. Aufl. München: C.H. Beck, 2013. Print.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Keltescht Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien