Steenzäit am haitege Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Geschicht vu Lëtzebuerg
Portal:Lëtzebuerg

Den Numm „Lëtzebuerg“ ass eréischt am 10. Joerhonnert nogewisen, am Mëttelalter war Lëtzebuerg nëmmen e Grofenhaus an en Territoire, awer nach kee Vollek. D'Staatsstrukturen bestinn eréischt zanter dem 19. Jh., mä an dësem Artikel geet et ëm d'Geschicht vum Lëtzebuerger Raum, fir déi Epochen, wéi et nach kee Lëtzebuerg gouf, weeder als Uert nach als Dynastie nach als Territoire a ganz bestëmmt net als Staat oder Natioun.

Vun der Al- bis an d'Jongsteenzäit[änneren | Quelltext änneren]

Dat haitegt Lëtzebuerg virun 350.000 Joer[änneren | Quelltext änneren]

Fauschtkäil dee bei Réimech fonnt gouf

Déi eelst prehistoresch Decouverten an Europa nërdlech vun den Alpen si ronn 600.000 Joer al a ginn an d'Zäit vum Homo erectus datéiert. Déi eelst Siidlungsspueren am Territoire vum haitege Lëtzebuerg sinn op d'mannst 350.000 Joer al a stamen all aus Uewerflächendecouverten op de Plattoe vum Musel- a Sauerdall, grad wéi och vun e puer Héichflächen am Guttland. Dës stengen Artefakte beweisen eng mënschlech Presenz net just wärend de Waarmzäiten oder Tëschenäiszäiten (interglazial), mä och wärend de Kalzäiten (Kryomer). D'Mënschen hunn als Nomade gelieft a sech vu Bier oder der Juegd op Déiere wéi de Mammut, d'Wollnashorn (Coelodonta antiquitatis), d'Wëlldpäerd, den Auerochs an d'Rendéier erniert. Dës saisonal Mobilitéit léisst sech duerch déi spezifesch Hierkonft vu stenge Material dat verschafft gouf, beweisen. Dozou zielt z. B. e Fauschtkäil dee bei Réimech fonnt gouf an deen aus Taunusquaarzit aus dem loutrengesche Sierck besteet.

Mëttel- a jonk Alsteenzäit[änneren | Quelltext änneren]

D'Epoch vum Neandertaler (250000 bis 38000 v. Chr.) am Guttland ass mat Siidlungsiwwerreschter a Form vu stengen Artefakten aus der mëttlerer Alsteenzäit (mëttlere Paleolithikum) beluecht. Se sinn aus lokalem oder regionalem Quaarz a Quaarzitgestengs an och ëmmer méi aus engem qualitativ bessere Feierstee vu méi wäit ewech. D'Opkomme vum Homo sapiens sapiens, virum Héichpunkt vun der leschter Kalzäit, definéiert den Ufank vun der jéngster Alsteenzäit (Jonkpaleolithikum), vun 38000 bis 11500 v. Chr.

An der Géigend vun der Éitermille gëtt et eng Hiel am Lëtzebuerger Sandsteen, an där Dausende Reschter vun Déiereschanken aus der Äiszäit, zesumme mat stengenem Handwierksgeschier fonnt goufen. Déi Iwwerreschter waren all duerch d'Erosiounsviirgäng an d'Spléck um Bord vum Sandsteeplatto geroden. Vun dëser Fonntplaz stamen och déi eelst Bijouselementer déi zu Lëtzebuerg fonnt goufen: duerchbuerte Medaillonen aus Hirschzänn.

Ufank vum Holozen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Leopold Reichling seng Sammlung vu Feilspëtzten

Mam Ufank vum Holozen (ëm 11500 v. Chr.) si wéinst der konstanter Äerderwiermung an doduerch datt de Bësch allgemeng méi grouss gouf, d'Steppendéiere wéi d'Ren oder d'Wëllpäerd lues a lues verschwonnen. An hir Plaz koume Bëschdéiere wéi den Hirsch, d'Réi, d'Schwäin oder den Auerochs. Op déi Déiere gouf mam Bou gejot, woubäi d'Feiler ëmmer méi reng Spëtzte kruten.

Mëttelsteenzäit[änneren | Quelltext änneren]

De "Loschburmann"

Spuere vu Siidlungen aus dëser Zäit oder der Mëttelsteenzäit (Mesolithikum), sinn am ganze Raum present, z. B. bei Bäerdref, wou bei archeologeschen Ausgruewungen ënner engem Fielsdaach Feierplaze fonnt goufen, déi mat Steng agefaasst waren. D'Iwwerreschter vun den „eelste Lëtzebuerger“ déi bis elo fonnt goufen, sinn d'Loschbur-Fra (datéiert op tëscht 7050 a 6690 v. Chr.) an de Loschbur-Mann (ronn 1000 Joer méi jonk) déi de 7. Oktober 1935 bei Reiland am Dall vun der Schwaarzer Iernz, ënner engem Abri sous roche fonnt goufen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Loschbur-Fra an am Artikel Loschbur-Mann
.

Neolithikum[änneren | Quelltext änneren]

Waren d'Mënschen a Mëtteleuropa bis dohi Jeeër a Sammler, sou gëtt den Ufank vun der Jonksteenzäit (5200 bis 2000 v. Chr.) domat definéiert, datt Akerbau a Véizuucht bedriwwe gouf, datt d'Mënschen sech op Plaze fest néiergelooss hunn, datt Haiser gebaut, Keramik fabrizéiert a Steng geschlaff goufen.

Bandkeramik-Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Duerch hire charakteristeschen Dekor kënnen d'Keramiken déi fonnt goufen, zu zwou grousse Kulturen an Zentraleuropa gerechent ginn: engersäits zur éischter neolithescher Kultur, der sougenannter Bandkeramik-Kultur an anersäits der Rössener Kultur. D'Bandkeramik ass iwwer d'Flosssystemer vun der Donau, dem Main, Neckar, Rhäin an der Musel bis an de Paräisser Baseng komm.

Eng typesch Siidlungsplaz vun der Bandkeramik (5200 bis 4900 v. Chr.) gouf an den 1990er Joren an der Géigend vu Schengen entdeckt. Déi ronn 20 ausgegruewen Haisergrondrësser waren tëscht 9,5 a 27 Meter laang an tëscht 5 a 7 Meter breet. Iwwerreschter vun engem 21 Meter laangem Zonk weisen drop hin, datt Véizuucht bedriwwe gouf.

Rössener-Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Fragmenter vun engem Kugelbecher déi an der Karelslee fonnt goufen

Och d'Rössener-Kultur (4900 bis 4300 v. Chr.) ass zu Lëtzebuerg nogewisen. An der Hiel Karelslee bei Waldbëlleg goufe kugelfërmeg Becheren, Séchelen, Muelsteng asw. fonnt. D'Hiel gouf awer héchstwarscheinlech net fir Wunnzwecker gebraucht, mä éischter als Spënnchen oder eventuell fir (Fleesch) ze reezen a (Weess) ze réischteren. Verschidde Muschelen (dentalium vulgare) goufe vum Atlantik oder vum Mëttelmier aus iwwer op d'mannst dausend Kilometer Loftlinn als Schmuckelementer importéiert an illustréieren déi grouss kulturell Bezéiungen, déi den Neolithikum charakteriséieren.

D'Fonntplaz Op dem Boesch bei Altwis staamt vum Enn vun der Jonksteenzäit. Et handelt sech dobäi ëm d'stierflech Iwwerreschter vun enger erwuessener Fra an engem klenge Kand an hiren Äerm[1] Dës Decouverte ass typesch fir de Begriefnesritual vun der Klackebecherkultur ((en) Bell Beaker culture, 2450 bis 2000 v. Chr.).


Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Pauly, Michel. Geschichte Luxemburgs. 2., überarb. Aufl. München: C.H. Beck, 2013. Print.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Steenzäit am haitege Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Volker Bingenheimer, Grab unter der Saar-Autobahn, DNA-Analyse beweist: Steinzeitliche Tote waren Mutter und Kind.. wort.lu [€], Luxemburger Wort, S. 8-9 (4.12.2023). Gekuckt de(n) 22.12.2023.
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Pauly, Michel. Geschichte Luxemburgs. (cf. Literatur)