Op dem Boesch

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Op dem Boesch (richteg Schreifweis: Op dem Bësch) ass eng archeologesch Fondplaz bei Altwis vum Enn vun der Jongsteenzäit, déi der Klackebecherkultur (2900 - 1900 v. Chr.) zougeuerdent gëtt.

D'Ausgruewunge laanscht d'Autobunn A13 tëschent Beetebuerg a Schengen hunn Enn vun der 1990er Joren ugefaangen. Dobäi sinn zwee Griewer entdeckt ginn. An engem Graf, mat der Form vun enger ovaler Grouf, louch eng Fra, déi de Kapp vun engem Kand esou an hiren Hänn gehalen huet, datt déi zwee sech an d'An gekuckt hunn. D'Studie vun den DNA-Daten hunn 2023 erginn, datt et sech ëm eng Mamm mat hirem 3järege Jong gehandelt huet, déi tëschent 2135 an 1955 v.Chr. gelieft mussen hunn. Et kéint sinn, wann och nach net bewisen, datt déi zwee un der Pescht gestuerwe wieren.

Am INRA soll 2024 dëse Fond aus dem Graf vun der Mamm mam Jong an enger faarweger Replik der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]