Autobunn A13 (Lëtzebuerg)
| A13 Collectrice du Sud, Saarautobunn |
||
| Zeechen | N° | Verdeeler |
| Biff | ||
| 1 | Péiteng | |
| 2 | Suessem | |
| 3 | Déifferdeng | |
| Tunnel Aessen | ||
| Tranchée couverte Éilereng | ||
| 4 | Éilereng | |
| A4 Kräiz Lankelz | ||
| 5 | Esch-Uelzecht | |
| A4 Verdeeler Esch | ||
| 6 | Schëffleng | |
| 7 | Keel | |
| 8 | Bireng | |
| A3 Kräiz Beetebuerg | ||
| 9 | Helleng | |
| Tranchée couverte Fréiseng | ||
| 10 | Fréiseng | |
| 11 | Altwis | |
| Viaduc vun Altwis | ||
| Tranchée couverte Munneref | ||
| 12 | Munneref | |
| Tunnel Markusbierg | ||
| 13 | Schengen | |
| Viaduc vu Schengen; Däitsch Grenz |
||
D'Autobunn A13, westlech vum Beetebuerger Kräiz Collectrice du Sud, ëstlech dervun Saarautobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn an de Kantone Kapellen, Esch-Uelzecht an Réimech. Se fänkt zu Käerjeng op der Biff un (fréier Biffurcatioun vun de Nationalstrossen N5 an N51).
Se féiert dann duerch de Minettsbaseng laanscht Suessem, Zolwer, Éilereng, an Esch-Uelzecht.
Tëschent der Ausfaart Lankelz an der Ofzweigung fir op Diddeleng leeft s'e Stéck iwwer d'A4 op enger Längt vun ongeféier 2 km.
Kuerz viru Féiz dréint se an den Uelzechtdall a geet op der Héicht vu Schëffleng iwwer dee Floss. Duerno leeft se duerch en Deel vun der Keeler Gemeng weider op Diddeleng a Beetebuerg.
Nodeems se iwwer d'Kräiz vu Beetebuerg ewech ass, wou se och Uschloss un d'A3 huet, gëtt se duerch e Bypass kuerz ënnerbrach: Bis 2013 huet eng Geriichtsaffär, an där d'Enteegnung vum Terrain, iwwer dee se sollt goen, contestéiert gouf, verhënnert, datt d'Autobunn op e puer Honnert Meter fäerdeg gebaut konnt ginn. 2016 soll dat dann endlech de Fall sinn.[1]
Duerno dréint se an den Dall vun der Gander deem se noleeft bis op Munneref. Op deem Deel ass se op den Terraine vun den Uertschaften Helleng, Fréiseng, dat zu engem Deel ënnerfuer gëtt, Uespelt an Altwis.
Si leeft weider laanscht Elveng, a Biermereng wou se duerch den Tunnel Markusbierg geet fir an de Museldall ze kommen.
Iwwer d'Musel geet se mam Viaduc vu Schengen iwwer d'Grenz fir op déi däitsch A8 ze kommen.
D'A13 ass 42,7 km laang. De westlechen Deel war 1994 fäerdeggestallt ginn, den ëstlechen eréischt 2004.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Autobunn A13 (Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||
Referenzen [änneren]
- ↑ "Staat kritt Terrainen: Saarautobunn ka fäerdeg gebaut ginn." RTL.lu - 10.05.2013, 15:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.05.2013, 16:22.