Autobunn A1 (Lëtzebuerg)
| A1 - Tréierer Autobunn |
||
| Zeechen | N° | Verdeeler |
| Däitsch Grenz - A64 | ||
| Sauerdallbréck | ||
| 15 | Waasserbëlleg | |
| 14 | Mäertert | |
| 13 | Potaaschbierg | |
| 12 | Fluessweller | |
| 11 | Mënsbech | |
| 10 | Cargocenter | |
| 9 | Sennengerbierg | |
| Uschloss A7 Kräiz Gréngewald | ||
| 8 | Kierchbierg | |
| Tunnel Cents | ||
| 7 | Hamm | |
| Victor-Bodson-Bréck | ||
| Tunnel Houwald | ||
| A3/A6 Gaasperecher Kräiz | ||
D'Autobunn A1, och Tréierer Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Gréiwemaacher. Se fänkt un um Gaasperecher Kräiz a mécht d'Verbindung mat Däitschland op der Héicht vu Waasserbëlleg wou se op der Grenz iwwer d'Sauer geet. Vun do un iwwerhëlt déi däitsch A64 de Verkéier.
Den Tracée vun der A1 leeft méi oder manner parallel zu der N1.
D'Tréierer Autobunn ass Deel vun der Europastrooss E44.
D'A1 huet eng Längt vu 36,7 km.
D'A1 gouf an e puer Phase fir de Verkéier opgemaach:[1]
- 6. September 1988: Waasserbëlleg - Potaschbierg
- 11. Juni 1990: Mënsbech - Sennengerbierg
- 26. Juni 1992: Potaschbierg - Mënsbech (d'Mëttelsstéck huet méi laang gesdauert, well et déi néideg Geneemegunge gebraucht huet, fir duerch en Naturschutzgebitt ze fueren. An der Tëschenzäit ass de Verkéier weider iwwer d'N1 geleet ginn, mat enger Zuchbarrière an der Mëtt.)
- 20. Mee 1994: Gaasperecher Kräiz - Sortie "Iergaart"
Dobäi koumen 1996 an 2002 Aarbechten um Stéck tëscht Iergaart a Sennéngerbierg, ë. a. fir den Uschloss un d'A7 ze preparéieren. Gläichzäiteg mam fäerdegstelle vum Süd-Ost-Contournement vun der Stad gouf ugefaangen, den haidege Boulevard John-F.-Kennedy um Kierchbierg, deen ufanks als Autobunn konzipéert war (an och A1 genannt gouf) zu engem Boulevard zeréckzebauen.
Op der Streck vu Gasperech bis op Waasserbëlleg goufen e puer grouss Brécken an Tunnelle gebaut:
- de Viaduc Drousbaach
- den Tunnel um Houwald bei Hesper
- d' Victor-Bodson-Bréck, eng Schréiseelbréck iwwer den Uelzechtdall.
- den Tunnel um Cents
- d'Neiduerfer Autobunnsbrécken OA 1177 an OA 1176
- den Uewersir-Viaduc bei Nidderaanwen
- de Sir-Viaduc bei Mäertert
- de Viaduc iwwer d'Sernigerbaach op der Wollefsmillen bei Waasserbëlleg
- d' Sauerdallbréck iwwer d'Sauer op der Grenz mat Däitschland
Um Spaweck [änneren]
| Commons: A1 (Luxembourg) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen [änneren]
- ↑ Evolution du réseau autoroutier. Administration des Ponts et Chaussées.
| Autobunnen zu Lëtzebuerg | ||