Bäerdref
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| Vue vum Säitert aus | |||||||
| An anere Sproochen: |
fr: Berdorf de: Berdorf |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Gréiwemaacher | ||||||
| Kanton: | Iechternach | ||||||
| Gemeng: | |||||||
| Buergermeeschter: | Ernest Walerius | ||||||
| Awunner Uertschaft: | 1152 (2011) |
||||||
| Fläch Uertschaft: | 841,9710 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 49' 17" N 06° 20' 58" O |
||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Bäerdref, och alt Bäertref, ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an den Haaptuert vun der Gemeng mat demselwechten Numm.
Geographie [änneren]
Bäerdref läit am Kanton Kanton Iechternach op engem Héichplateau, deen (ausser am Südweste) vun déiwen Däller, déi duerch d'Sauer, d'Schwaarz Iernz an d'Äsbech an de Sandstee gegruewe gi sinn, ëmginn ass. Bäerdref läit am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.
Geschicht [änneren]
Déi éischt Besiidlung vum Bäerdrëfer Plateau geet an déi Jénger Steenzäit zréck (2000-1500 v. Chr.). Am 2.oder 3. Joerhonnert gouf do, wou haut d'Uertschaft ass, e réimeschen Haff ugeluegt (eng Villa Rustica oder och vläit eng Villa urbana). Den Numm 'Bäerdref' kënnt heivunner: Den Haff krut den Numm vu sengem Meeschter a gouf deem entspriechend "Beronis Villa" - Haff vum Bero - genannt. Spéider gouf dat Wuert "Villa" duerch säi germanescht/fränkescht Equivalent "thorp"/"dorf"/"drëf" ersat. Och de Flouernumm "Op Kaasselt" kinnt drop hin deiten, datt do emol e réimesche Waachposte (Castellum) stoung.
Dee markantsten Iwwerrescht vun der "Villa" ass de sougenannte "Véiergëttersteen", deen de Sockel vun enger Jupiter-Votivsail war an um héchste Punkt vun der Géigend stoung - do, wou haut d'Kierch steet. Dëse gouf, wéi am 15. Joerhonnert déi éischt Kapell an der Uerschaft gebaut gouf, an dëser ënnerbruecht a war Haaptdeel vum Altor. Wéi den 11. Januar 1831 eng nei Kierch ageweit gouf, ass de Véiergöttersteen mattgeplënnert ginn an alt erëm ënnert den Haaptaltor stoe komm, wou en och haut nach steet.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel Véiergëtterstee vu Bäerdref an am Artikel Kierch Bäerdref ![]()
1528 gout et déi éischt iwwerliwwert Zielung: Bäerdref hat 17 Stéit. Virun 1803 huet Bäerdrëf zu de Pare Grondhaff, duerno Konsdref gehéiert; vun do u war et eng eegestänneg Par.
Am Zweete Weltkrich huet Bäerdref virun allem an der Ardennenoffensiv ze leide gehat: Zwou Kompanië vum 12. Regiment vun der 4. US-Infanterie-Divisioun, vun der däitscher Offensiv iwwerrascht, hunn e puer Deeg laang ënner dem Kommando vum Captain Steve Lang vum deemolegen "Hôtel du Parc" aus heroesche Widderstand geleescht,[1] mam Resultat, datt d'Haiser an der Ëmgéigend bal all beschiedegt oder zerstéiert waren.
Trëppelen a Kloteren [änneren]
Ronderem Bäerdref ginn et kilometerlaang Trëppelweeër, déi laanscht d'Fielswänn aus Sandsteen ginn, wou de Bësch a sengem natiirlechen Zoustand belooss ass. Duerch dat fiicht Klima gëtt et do eng besonnesch Vegetatioun (ë. a. eng ganz rar Zort Far).
Bekannt Fielsformatiounen sinn de Priedegtstull, de Perekop, d'Huellay, d'Raiberhiel oder d'Siweschlëff.
Déi eenzeg Plaz am Land, fir Klammsport ze maachen, ass zu Bäerdref an der Wanterbaach. Fir do kënnen ze klammen, brauch een e Permis vum Ëmweltministère.
Kuckeswäertes [änneren]
- Zu Bäerdref selwer ass dee schonns ernimmte Véiergëttersteen ze kucken, op deem d'Minerva, den Apollo, d'Juno an den Herkules ofgebilt sinn. E steet, wat éischter sielen ass, an der Kierch ënnert dem Altor.
- De Menhir vum Millebur[2]
- Den Amphitheater Breechkaul, wou den 1. Sonndeg nom 2. November déi Bäerdrefer Haupeschmass gefeiert gëtt.[3][4]
- D'Huel Lee (Hohllay), op 50 m vis-à-vis vum Amphitheater[5]
Spezialitéite vu Bäerdref [änneren]
Literatur [änneren]
- Conseil de la Fabrique d'Eglise Berdorf (Ed.): Berdorf 1982. Livre d'or édité à l'occasion du 150e anniversaire de la construction et de la consécration de l'église paroissiale..., Luxembourg, Saint-Paul 1982.
- Marcus Haysom: Climbing in Berdorf. 2009, 118 S. ISBN 978-2-87996-636-6
Kuckt och [änneren]
- Kierch Bäerdref
- Véiergëttersteen vu Bäerdref
- Kleng Lëtzebuerger Schwäiz
- Raymond Petit (Resistenzler)
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Lëtzebuerger Distrikter
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Bäerdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |