Konsdref

Vu Wikipedia
Konsdref
den Zentrum vu Konsdref
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Consdorf
de: Konsdorf
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Konsdref
Buergermeeschter Marco Bermes
Awunner 1.413
  1. Januar 2021; 1. Januar 2022; 1. Januar 2023
Koordinaten 49° 46’ 48’’ N
      06° 20’ 17’’ O
Konsdref ëm 1595, Zeechnung vum Jean Bertels.

Konsdref ass eng lëtzebuergesch Uertschaft an Haaptuert vun der Gemeng Konsdref.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Konsdref läit op zirka 350 m, am Oste vum Lëtzebuerger Land, am Kanton Iechternach, am Zentrum vun der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Prehistoresch a réimesch Entdeckunge loossen drop schléissen, datt Konsdref an engem ale Siidlungsgebitt läit. Konsdref gëtt a verschiddenen Dokumenter aus dem éischte Joerdausend schonn ernimmt: 816 als "Cunolphi Villa", 953 als "Conolfi Villa". Am Mëttelalter fanne mer d'Bezeechung "Consturf". D'Uertschaft huet zum eelste Besëtz vun der Tréierer Abtei Oeren gehéiert an ass bis zur Franséischer Revolutioun Zentrum vun der Oerener Grondherrschaft an dëser Géigend. D'Existenz vun enger Parkierch zu Konsdref ass eréischt 1229 nozeweisen, mä Historiker datéieren den Ursprong vun der Par Konsdref ëm d'Joer 700.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Gitter vum François Theis

Kuckeswäert ass ënner anerem d'Kierch aus dem 18. Joerhonnert mat hirem goteschen Tuerm aus dem 12./13. Joerhonnert an dem Altor mat der Baartelméis-Statu. Den Tuerm ass als Nationaalt Monument klasséiert.

Iwwer der Agankspaart vum Konsdrëffer Kierfecht ass e gossent Gitter aus den 1920er Jore mat der Opschrëft « Aujourd'hui nous - demain vous » drop. De François Theis deen d'Portal geschaaft huet, wollt domat un déi schwéier Schicksalsschléi vu senger Famill erënneren. Nodeems 1903 an 1910 schonn zwee Kanner vun der Koppel Theis-Meyers gestuerwe waren (August a Peter Theis), sinn am Joer 1919 och nach fënnef vun hire Kanner un der Spuenescher Gripp gestuerwen: d'Ketty (4. Mäerz), d'Angelika an de Wilhelm (12. Mäerz), de Michel an den Nicolas (13. Mäerz)[1][2]

Konsdref läit an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz, a bitt eng ganz Rei vu schéine Promenaden duerch d'Bëscher, mat villen Aussiichtspunkte mat Vue op de Sauerdall an de Mëllerdall. D'Géigend zeechent sech besonnesch duerch aussergewéinlech Fielsformatiounen aus, laanscht déi d'Spadséierweeër féieren (z. B. d'"Kuelscheier", d'"Goldfralay" an d'"Eilebuerg").

Bekannt Konsdrëffer[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Konsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fred Schaaf, Jochen Zenthöfer, Aujourd'hui nous - demain vous, an: Die Warte, Luxemburger Wort vum 11. Juni 2020, S. 10-11
  2. "Aujourd'hui nous, demain vous": Eng Kierfechtspaart, déi fir en tragescht Stéck Lëtzebuerger Geschicht steet., rtl.lu, 6.8.2023, gekuckt 7.8.2023