Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst
De Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst (an Originalschreifweis: Renert oder de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrëßt) ass eng Fabel vum Lëtzebuerger Schrëftsteller Michel Rodange.
Si koum 1872 fir d'éischt eraus an ass eng Adaptatioun vum Goethe sengem Reineke Fuchs op Lëtzebuergesch, woubäi déi eenzel Personagë déi Dialekter schwätzen vun där Géigend, wou se hier sinn. De Rodange huet aus där Matière e Lidd vun am Ganze 14 Gesäng a 6052 Verse gemaach, en Hommage un d'Lëtzebuerger Landschaften a Géigenden, mee gläichzäiteg och e Spottgedicht op d'Lëtzebuerger Gesellschaft vun der Zäit vum jonken Nationalstaat mat ongewësser Zukunft an der industrieller Revolutioun.
Well vill Bierger an och d'Kierch sech getrëppelt gefillt hunn, blouf d'Gedicht laang verkannt a gouf esouguer zenséiert. Haut awer gëtt de Renert als dat gréisste Stéck Literatur a Lëtzebuerger Sprooch vum 19. Joerhonnert ugesinn.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Editiounsgeschicht
De Renert ass 1872 an däitscher Fraktur-Schrëft am Format 16° an enger Oplo vun 1 000 Stéck beim Editeur[1] Jean Joris erauskomm. En Deel vun dëser Oplo war anonym; um banneschten Titel steet: "Renert / oder / de Fuuß am Frack an a Ma'nsgrësst. / Op en Neis fotografëert / vun / engem Lëtzebreger". An engem aneren Deel ass de "M. Rodange" als Auteur genannt, an datt een et beim L. Schamburger ze kafe kréich. Vun dëser éischter Oplo ware bannent 3 Joerzéngte just 313 Exemplare verkaf ginn.
"Entdeckt" gouf de Renert eréischt uganks vum 20. Joerhonnert, wéi de Sträit ëm dat spéidert Schoulgesetz vun 1912 héich Welle geschloen huet. Besonnesch d'Grënner vun der Sozial-demokratescher Partei, de Michel Welter, den C. M. Spoo an hire Sympathisant, den Nicolas Welter, hunn op Konferenzen uechtert d'Land Reklamm fir de Renert gemaach.
1909 ass eng 2. Oplo vun 2 000 Stéck beim Ch. Praum erauskomm, als 22. Band vu senger Bibliothek Luxemburger Theaterstücke etc. E war an enger adaptéierter Orthographie an 72 Verse waren zensuréiert. Eng 3. Oplo ass 1921 beim Verlag Linden & Hansen an enger Héicht vun 2 100 Exemplairen an den Drock gaangen. Dës Editioun war mat 21 Biller vum Auguste Trémont a 4 vum Franz Seimetz illustréiert; och hei gouf d'Rechtschreiwung g'ännert, a 40 Verse gestrach. 1927 huet de Joseph Tockert eng Michel Rodange Jubiläumsausgabe erausginn, mam vollstännege Renert-Text, alt nees an enger anerer Schreifweis, mat enger Biographie an och Explikatiounen. 1932 gouf et eng Luxus-Editioun vun 200 Stéck, an 1939 eng Neioplo vum Tockert senger Versioun, mat Vignettë vum Raymon Mehlen, wouvunner et och nach 1940 eng Neue Volksausgabe gouf.
Eng Neue Ausgabe mit Kommentar und Glossar koum 1941 eraus, 56 Verse sinn doranner der Zensur zum Affer gefall. Bis 1974 sinn nach 6 Editiounen publizéiert ginn. 1974 huet de Cornel Meder d' Michel Rodange Gesamtwierk erausginn, mam vum Rodange korrigéierten Text (deen et als handschrëftlech Korrektur gëtt, deen awer bis dohinner net publizéiert gi war) an a moderner Schreifweis. Dovunner gouf dat Joer drop eng Schoulausgab gemaach. 1982 - 1984 ass eng uerg zesummegestrachen Editioun vum Marcel Ditsch erauskomm, illustréiert mat Fotoe vu Plastillinsmännercher, an där déi meescht politesch an zäithistoresch Bezich erausgehäit gi waren, a just nach d'Déieregeschicht reschtgelooss gouf.
1987 huet de Romain Hilgert seng komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatiounen an der Editioun Guy Binsfeld publizéiert, mat engem ausféierleche Virwuert (E Buch a Maansgréisst) an deem en dem Rodange säi Liewen, de sozialen a politesche Kontext vun der Zäit, d'Entstéiungs- an d'Rezeptiounsgeschicht vum Renert beschreift. Virun alem ass den Text selwer esou erëmginn, datt een an enger Kolonn niewendrunn all déi Uspillungen op zäitgenëssesch Persounen an Virfäll, an och emol e vereelzten Ausdrock, explizéiert fënnt, esou datt een den Text a senger voller Déift appreciéiere kann. Dëst Buch ass 1995 an 2008 am selwechte Verlag nei opgeluecht ginn.
1995,am Kader vu Lëtzebuerg Europäesch Kulturhaaptstad 1995, gouf de Renert als Theaterstéck opgefouert. 2003 ass en dann als Lauschterbuch, op 3 CDen a vum Steve Karier virgelies, vum Nationale Literaturzentrum erausgi ginn.
[änneren] Ëm wat geet et am Buch?
De Renert ass eng Déierefabel, déi um Johann Wolfgang von Goethe sengem Reinecke Fuchs baséiert. Virdergrënneg geet et ëm d'Geschicht vum Fuuss Renert, deen déi aner Déiere veruuzt (och alt der doutmécht), dofir e puer mol viru Geriicht gestallt gëtt, zum Schuss awer vum Kinnek, dee sech och vum Fuuss emgaachele léisst, geadelt gëtt. Mee d'Geschicht ass just de "Virwand", fir d'gesellschaftlech a politesch Zoustänn satiresch ze beschreiwen oder ze parodéieren: wéi Lëtzebuerg bal vun engem vu sengen Nopere geschléckt gouf an d' Industriebesëtzer (déi bal all och gläichzäiteg Politiker waren), je nodeems, wou se sech méi Virdeeler erhofft hunn, zerstridden hunn, wou s'am beschten ewechkéimen; d'Hypocrisie vun der deemools nach allmächteger kathoulescher Kierch, z.B. an der Affär vum Paschtouer vu Maarnech, engem sou gutt et goung vertuschte Pedophilieskandal, a wéi déi einfach Leit (duergestallt duerch kleng Déieren - Mais, Vigel, och alt Schof) ëmmer nees déi Domm derbäi waren.
Zesummegefaasst ass d'Handlung déi heiten:
De Kinnek Léiw rifft all Déieren zesummen. De Fuuss Renert ass net komm; hien hat grad en Hong doutgemaach. Noenee ginn de Bier, de Kueder an den Dachs bei e geschéckt fir e bei de Kinnek ze bréngen; eréischt den Dachs huet domatter Succès. De Fuuss gëtt zum Doud veruerteelt, mee ënnert dem Gaalge verzielt en dem Kinnek vun engem Schaz, deen hien zegutt hätt, an vun engem Komplott géint hien. Déi Beschëllegt ginn agespaart, an de Fuuss kënnt fräi. Kuerz drop mécht en den Hues dout.
De Kinnek rifft eng zweete Kéier d'Déiere beieneen. No de Kloe vum Kueb an der Kannéngchen decidéiert de Léiw, dem Fuuss seng Buerg ze stiermen. Den Dachs geet de Fuuss warnen. Hie verzielt em, wéi d'europäesch Herrscher iwwer de Leit hire Käpp ewech Staaten opriichten. Um Wee bei de Kinnek beicht de Fuuss dem Dacks eng ganz Rëtsch Mëssdoten. E beschwéiert sech, datt iwwerall d'Wollefsgesetzer gëlle géifen, a seet, datt hie sech dofir och esou behuele géif. Virum Kinnek fuerdert de Fuuss seng Géigner eraus. Hie gëtt nees geriicht, an alt nees verzielt en dem Kinnek vun engem Schaz. Duerno duelléiert e sech mam Wollef, gewënnt, a gëtt vum Kinnek zum Barong gemaach. All déi, déi géint e waren, sinn op eemol nees gutt mat him. Se mierken net, datt de Renert elo vun hinne profitéiert.
[änneren] Fotoalbum
[änneren] De Renert als "Lieu de mémoire"
Eng jett Saache sinn nom Renert genannt ginn, wouvu bei Munnechen de Bezuch zum Personnage oder zum Buch net méi direkt nozevollzéien ass:
- Stroossen zu Nidderaanwen, zu Bäreldeng an an der Stad Lëtzebuerg;
- e Rodange-Renert-Kulturwee zu Wolz;
- e Renert-Pad zu Schlënnermanescht;
- e Rugbys-Veräin: Walferdange Rugby "De Renert";
- e Cabarets-Ensemble: CabaRenert;
- eng Maison relais zu Manternach;
- e Schoul- a Sportzenter zu Bäerbuerg;
- Horesca-Betriber zu Wolz, zu Bettborn an an der Stad Lëtzebuerg;
- den Terrain vun engem Naturiste-Veräin zu Heischent;
- d'Hämoglobin-Molekül [β133(H¹¹)Val→Ala].[2]
- eng Zort Marque vu Pavé-Steng[3]
[änneren] Literatur
- Méchel Rodange, 1987: Renert. De Fuuss am Frack an a Maansgréisst. Komplett Editioun mat historeschen a politeschen Explikatioune vum Romain Hilgert. Editioun Guy Binsfeld 1987. Neioplo am selwechte Verlag 1995 an 2008, ISBN 978-2-87954-036-8
- Fernand Hoffmann, 1972: Uralte Bauernschläue und überhebliche Bescheidenheit. Der 'Renert' als Spiegel der luxemburgischen Volksseele. In: Die Warte 25 (1972).
- Germaine Goetzinger, Gast Mannes, Roger Muller, 2002: De Michel Rodange - Op en Neis fotografëert. Mersch: Centre national de littérature.
- Germaine Goetzinger, 2008. De Renert. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 273-278. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg.
[änneren] Linken
[änneren] Kuckt och
[änneren] Um Spaweck
- Romain Hilgert, d'Lëtzebuerger Land, De ganzen Text vum Rodange sengem Renert
[änneren] Referenzen
- ↑ Cf. S. 298 in Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zusammen mit Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit und Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1.
- ↑ Déi Molekül gouf 2001 vun der Equipe luxembourgeoise de rechercehs sur l'hémoglobine vum Dr. Paul Groff am Laboratoire national de santé entdeckt. Cf. Goetzinger, 2008, 278.
- ↑ [1]