Cabarenert

Vu Wikipedia

Cabarenert ass e lëtzebuergesche Cabaretsensembel mam Al Ginter, Monique Melsen, Karin Seywert a Marcel Heintz.

Den Ensembel gouf vum Josy Braun ënner dem Numm Cabaret J.B. gegrënnt.

Zu den Auteure vun den Texter zielen ë. a. de Roland Gelhausen, de Jay Schiltz, de Jhemp Hoscheit, d'Claudine Muno an de Roland Harsch.[1]

Bei virege Programmer hunn och d'Aliette Lauff, de Josy Braun, d'Marianne Pettinger, de Roland Gelhausen, de Pascal Granicz, de Conny Scheel oder d'Josée Klincker matgespillt.[2]

Cabarets-Programmer[änneren | Quelltext änneren]

  • Endstatioun Geenzuucht, 2000
  • Onkraut vergeet net!, 2000
  • Fixfeier, 2001
  • Maach d'Kräiz... an alles bleift besser, 2003
  • Schwamm driwwer, 2005
  • Alles am A..., 2007
  • Kriiis de Luxe, 2009
  • elauter Poppenetti, 2011
  • LuxiLeaks, 2013
  • Réckbléck an d'Zukunft 2015

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "De Freides-Invité vum 13. November: Monique Melsen." op rtl.lu, 13.11.2015, 13:55:54 (Audio).
  2. Nimm op de Plakater vun de Programmen op cabarenert.lu.