Rugby Union
Rugby Union (dacks einfach nëmme Rugby oder op Franséisch Rugby à 15) ass eng vun zwou Versioune vu Rugby. Et ass dat meescht verbreete Rugby Spill iwwerhaapt. An dësem Kämpf- a Ballspill versichen zwou Mannschaften zu jeeweils 15 Spiller, e Rugbyball, laanscht oder duerch d'Géignerverdeedegung ze droen an op dei Aart a Weis Punkten ze markéieren.
Den éischte Verband, Rugby Football Union (RFU), ass 1871 an England gegrënnt ginn. Den internationale Verband, deen d'Regele vum Sport festleet an eng ganz Rei Kompetitiounen organiséiert ass den International Rugby Board (IRB), deen 1886 gegrënnt gouf.
Inhaltsverzeechnes |
Regelen[änneren]
Zil vum Spill[änneren]
Zil vum Spill ass et, mei Punkten ewéi d'Géignermannschaft ze maachen. Dofir ginn et dräi Méiglechkeeten:
- Et kann een de Ball laanscht d'Géignermannschaft droen hannert d'Linn d'essai, an do op de Buedem leeën. Dat ass wat een en "Essai" nennt, op Englesch "try", deen zielt fir fënnef Punkten. Duerno huet d'Mannschaft d'Chance eng Transformatioun (Englesch conversion) vu weideren zwee Punkten ze erzilen. Heibäi gëtt probéiert, de Ball mat engem Kick vum Buedem op enger Plaz op der Linn (parallel zur bauseschter Linn), wou den "Essai" gesat ginn ass, an zwar duerch e Poteau an H-Form ze schéissen. De Ball soll dann iwwer d'Mëttellat fléien.
- Wann e Feeler geschitt muss eng Penalitéit geschoss ginn. Dat heescht nach eng Kéier datt de Ball gekickt gëtt, an zwar erëm iwwer d'Mëttellat vun de Poteauen.
- Während dem Spill ass et och méiglech eng reng technesch Bewegung duerchzeféieren, den Drop-Kick. Deen ass dräi Punkte wäert.
Spiller[änneren]
Di 15 Spiller vun all Mannschaft ginn an aacht Stiermer (Forwards, Trikotnummer 1-8) an a siwen Arrièren (Backs, Trikotnummer 9-15) agedeelt. Bei de Spiller mat den Trikotnummeren 11-14 schwätzt een och vu "Trois-Quarts", déi d'Oppositioun zum Stuerm bilden. D'Nummer 10 huet den Numm "demi d'ouverture", well en tëscht dem Stuerm an den Trois-Quarts d'Spill dirigéiert.
Op dëser Skizz kann een d'Opstellung während enger Mêlée verstoen.
|
Standardsituationen[änneren]
Standardsituationen am Rugby Union sinn eng Mêlée, mat där e klenge Foul bestrooft gëtt, an och den Aworf, wann de Ball eraus war.
Eng aner quasi-Standardsituatioun ass de Plaquage, mat deem de Géigner verhënnert gëtt fir Raum ze gewannen.
Kuckt och[änneren]
| Commons: Rugby union – Biller, Videoen oder Audiodateien |