Lauschterbuch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

E Lauschterbuch (oder Audiobuch) ass den Text vun engem Buch, deen, integral oder gekierzt, virgelies an opgeholl gouf, an op Tounsupporten (CDen, Audiodateie zB am MP3-Format, fréier och Audiokassetten) kommerzialiséiert gëtt.

Lauschterbicher gi meeschtens vu Schauspiller virgelies, geleeëntlech och vum Auteur selwer oder vu soss prominente Perséinlechkeeten.

War dës Verkafsform am Ufank virun allem als Nichemaart geduecht fir Leit, déi Probleemer mat der Vue haten, oder net (gutt) liese konnten (z. B. Kanner), sou huet se sech zu engem eegestännege Verwäertungscréneau vu Bicher, sief et Belletristik oder Saachbuch, etabléiert.

Et fält op, datt an englesch- oder däitschsproochege Länner Lauschterbicher vill méi populär si wéi a franséischsproochegen.

Commons: Audiobooks – Biller, Videoen oder Audiodateien