Haushong
| Gallus gallus domesticus | |||||||||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
Haushénger (Gallus gallus domesticus) |
|||||||||||||||||
| Systematik | |||||||||||||||||
|
|||||||||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
| Gallus gallus domesticus „Linnaeus“ 1758 |
|||||||||||||||||
D'Haushong (Gallus gallus domesticus) ass eng Zuuchtform vum Bankivahong, engem Wëllhong aus Südostasien, a gehéiert zu der Famill Phasianidae (de:Fasanenartige). Landwirtschaftlech ginn se zum Geflijel gezielt.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Nimm
D'männlecht Haushong nennt een Hunn, de kastréierten Hunn Chapon. D' Weibchen heescht Hong oder Hung, wa Jonker derbäi sinn, Kluck. Déi jonk Hénger heeschen allgemeng Jippelcher oder Hénkelen. E jonkt erwuessent Hong ass eng Pëll. Gëtt de jonken Hunn an der Kiche verschafft, gëtt e Poulet genannt.
[änneren] Ausgesinn
D'Haushong weit tëscht 1,5 bis 5 kg je no Rass. Gewéinlech ass den Hunn 1 kg méi schwéier ewéi d'Hong. Et ginn do dernierft och Zwergrassen, déi tëscht 500 an 1200 Gramm weien. Typesch fir Hénger ass de roude Kamp, dee beim Hunn méi grouss ass ewéi beim Hong. Den Hunn huet och e méi laange, séchelfërmege Schwanz.
[änneren] Komportement
Den Hunn "kréit" (mat der Onomatopee "Kikeriki" erëmginn), d'Hénger "gackeren" (vereelzt ë.a. och nach: "gaaksen, "gaken", "kakelen", "käcksen").
Den natierleche Kascht vun Hénger si Kären, Wierm, Schleeken, Insekten an esouguer Mais.
Haushénger kënnen am Joer ca. 250 bis 300 Eeër leeën, wann hinnen dat frësch geluetent Ee ewechgeholl gëtt.
[änneren] Héngerzuucht
Schanken, déi a China fonnt goufen, deiten drops hin, datt schonns an der Neisteenzäit (6. Joerdaused v. Chr.) d'Hénger domestizéiert waren. A Mëtteleuropa sinn déi eelsten archeologesch Hiweiser op Héngerhaltung aus der fréier Eisenzäit (Hallstattkultur).
[änneren] Literatur
- Norbert Benecke: Der Mensch und seine Haustiere. Die Geschichte einer jahrtausendealten Beziehung. Stuttgart, 1994. ISBN 3-8062-1105-1
- B. & L. Peitz: Hühner halten. Stuttgart, 1998. ISBN 3-8001-7381-6
- F. E. Zeuner: Geschichte der Haustiere. München, 1967. ISBN B0000BUB5T
[änneren] Kuckt och
| Commons: Haushong – Biller, Videoen oder Audiodateien |
