Jean-Pierre André
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
| Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jean-Pierre André, gebuer [1] den 21. Januar 1812 zu Virton, gestuerwen[2] de 7. August 1884 zu Miersch, war e lëtzebuergesche Fonctionnaire a Politiker.
Hie war Distriktskommissär vum Distrikt Gréiwemaacher a Fonctionnaire bei der Douane.
1848 war hie Member[3] vun der Assemblée constituante. Duerno, war hie vum 1. August 1848 bis den 2. Dezember 1848 Administrateur général ad interim fir Bauten, Gemengen a Militärwiesen an der Regierung de la Fontaine. Vun 1863 bis 1869 war hien Deputéierten[4] vum Kanton Miersch an der Chamber.
Hie war mat der Caroline Ernestine Servais (1815-1888) bestuet.
Referenzen [änneren]
- ↑ Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 20, S. 390 BNL
- ↑ Jules Mersch: Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 20, S. 390 BNL
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 508
- ↑ Nicolas Als, Robert L. Philippart: La Chambre des Députés, Histoire et Lieux de Travail, Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg, 1994, S. 509