Waassertuerm + Pomhouse

Vu Wikipedia
De Waassertuerm an d'Pompelhaus.

Waassertuerm + Pomhouse[1] ass den Numm vun enger Ausstellungsgalerie fir Fotoen, déi zu Diddeleng am fréiere Waassertuerm vun der Diddelenger Schmelz an am Pompelhaus niewendrun amenagéiert gouf. Si gëtt vum CNA bedriwwen an huet den 29. September 2012 hir Dieren opgemaach.[2]

Am Waassertuerm ass eng permanent Ausstellung ze gesinn, déi vum Edward Steichen 1962 zesummegestallt Kollektioun The Bitter Years 1935-1941. D'Pompelhaus ass fir temporär Ausstellungen.

Geschicht vum Site[änneren | Quelltext änneren]

De Waassertuerm gouf 1928 gebaut. Et gouf nach en zweeten, laanscht d'Wuelmerengerstrooss beim fréieren Haaptportal vun der Schmelz, den haut net méi besteet. Den Architekt ass net bekannt. Den Tuerm, aus Bëtong a Stol, ass eng 54 m héich an huet eng zylinderfërmeg Cuvette vun 12 m Duerchmiesser. D'Waasser, wat dra gespäichert gouf, gouf als Killwaasser benotzt.[3]

De Waassertuerm steet zanter dem 25. Mäerz 2003 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter.[4]

Den Tuerm gouf vun den Architekte Claudine Kaell a Jim Clemes am Optrag vum Service des sites et monuments nationaux restauréiert a fir d'Ausstellung ëmgebaut. Sou gouf e Lift an d'Mëtt gebaut, an och d'Pompelhaus krut e Lifting.[3] Déi ganz Renovatiounsaarbechte vun Tuerm a Pompelhaus hunn 8,9 Milliounen Euro kascht.[5]

Vun 2012 bis Enn 2020 gouf um Site d'Ausstellung The Bitter Years vum Edward Steichen ausgestallt. Säit 2021 gëtt de Site benotzt fir multimedial, temporär Ausstellungen ze weisen, wéi 2021 d'Expo 'LandRush - Ventures into Global Agriculture' vum Kënschtlerduo Frauke Huber an Uwe H. Martin. Am Kader vun Esch 2022 - European Capital of Culture, feiert de Waassertuerm+Pomhouse 2022 säin 10. Gebuertsdag als Kultursite mat der grousser Expo 'Stëmme vun der Schmelz', déi dem Site seng industriell Vergaangenheet als Deel vun der Schmelz opschafft.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Waassertuerm + Pomhouse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Schäinanglizismus "Pomhouse" gëtt et net am Engleschen; fir richteg héisch dat "pumping station".
  2. Annonce um Site vum CNA (gelies den 28. August 2012]
  3. 3,0 3,1 Josée Hansen: "Histoires d'eau." In: d'Lëtzebuerger LandNr.32, 10. August 2012, S.10-11.
  4. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  5. "20 Joer Kultur zu Lëtzebuerg" Emissioun vum 16. September 2013 am Audioarchiv vun 100komma7.lu, ca 27. Minutt.