Roger Negri
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Roger Negri, gebuer de 7. Februar 1954 zu Beetebuerg, ass e lëtzebuergesche Politiker a pensionéierten Eisebunner. Hien ass bestuet, Papp vun zwee Kanner a wunnt zu Mamer.
Zënter 1996 ass hie Member vun der LSAP.
Hien ass éischte Schäffen an der Gemeng Mamer an zënter dem 3. August 2004 Deputéierten an der Chamber. Hien ass och President vum Benelux-Parlament.
De Roger Negri ass President vun der Fédération luxembourgeoise de gymnastique.