Gemeng Mamer
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Mamer de: Mamer |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Kapellen | ||||||
| Buergermeeschter: | Gilles Roth (CSV) | ||||||
| Awunner Gemeng: | 6.786 () |
||||||
| Fläch Gemeng: | 2.754 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 37' 38" N 06° 01' 22" O |
||||||
| D'Gemeng Mamer (orange) am Kanton Kapellen (rout) | |||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
Mamer ass eng vun den 106 lëtzebuergesche Gemengen.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der Gemeng [1] [änneren]
Geographie [änneren]
D'Gemeng Mamer läit westlech am Lëtzebuerger Land am Kanton Kanton Kapellen. Ronderëm leien Gemenge Käerch a Kielen am Norden, Stroossen am Osten, Bartreng an Dippech am Süden, Garnech a Stengefort am Westen. D'Uertschaft Mamer läit un der Mamer.
Duerch Mamer leeft d'Nationalstrooss N6 déi op hirer ganzer Längt zu der Voie de la Liberté gehéiert.
Geschicht [änneren]
Mamer gëtt an engem Schenkungsakt vum 8. Abrëll 960, an deem d'Gräfin Liutgardis d'Uertschaft Mambra, déi si vun hiren Eltere Wigerich a Kunigunde geierwt hat, un d'Klouschter Sankt Maximin vun Tréier verschenkt, fir d'éischt schrëftlech ernimmt.
De Wope vu Mamer [änneren]
De Wope vun der Mamer Gemeng gouf an der Gemengerotsëtzung vum 27. August 1979 ugeholl, a e gouf den 12. Oktober 1979 duerch Arrêté ministériel agreeéiert (Mémorial B 1979 Säit 1030).
Beschreiwung sou wéi se am Arrêté steet:
D'azur à la façade de temple antique à quatre colonnes d'or, au chef du même chargé d'une roue d'azur entre deux crampons de gueule
D'Haaptfaarwe sinn aus dem Wope vun den Häre vu Miersch (Gold mat blo gesträift), den Tempel ass dra fir drunn z'erënneren datt an der Réimerzäit e grousst Duerf do stoung, vun deem Iwwerreschter fonnt gi sinn, d'Rad kënnt aus dem Wope vun der bekannter humanistescher Famill Mameranus déi vu Mamer war, déi zwéi rout Kreep kommen aus dem Wope vun der aristokratescher Famill, déi och den Numm Mamer hat.
Politik [änneren]
De Gemengerot vu Mamer gëtt nom Proporz-Walsystem gewielt. E setzt sech aus 13 Conseilleren zesummen.
Zesummesetzung
| Joer | CSV | DP | gréng | LSAP |
|---|---|---|---|---|
| 1999 | 4 | 4 | 2 | 3 |
| 2005 | 6 | 2 | 2 | 3 |
| 2011 | 6 | 1 | 3 | 3 |
Quell: Inneministère / RTL.lu
Buergermeeschtere vu Mamer [änneren]
- Jean-Baptiste Kayl (1844-1848)
- Nicolas Bornong (1852-1870)
- J.B. Risch (1870-1873)
- Jean Schmit (1873-1879)
- Jean Wester vu Mamer (1879-1897)
- Henri Funck vu Kapellen (1897-1912)
- Charles Risch vu Kapellen (1912-1919)
- Jean Schneider vu Mamer (1919-1929)
- J.P. Wilhelm vu Mamer (1929-1956)
- Jean Marx vu Mamer (1956-1968)
- François Trausch vu Mamer (1968-1975)
- René Federspiel vu Mamer (1976-1981)
- Josy Konz vu Mamer (1982-1992)
- Henri Hosch vu Kapellen (1993-1999)
- Gilles Roth vu Mamer (2000-)
Interkommunal Syndikater [änneren]
D'Gemeng Mamer ass Member vu folgenden interkommunale Syndikater:
Kuckeswäertes [änneren]
- Réimesch Thermen
1972 goufe bei archeologeschen Ausgruewungen zu Mamer no beim Tossebierg Iwerreschter vun ë. a. Thermen aus der Réimescher Zäit entdeckt.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Réimesch Thermen zu Mamer ![]()
Fräizäit zu Mamer [änneren]
An der Gemeng Mamer an an der noer Ëmgéigend gëtt et en Netz vun Trëppelpied dat eng Totallängt vun 41 Kilometer huet. Nieft dem Circuit autopédestre am Juckelsbësch deen 9 Kilometer laang ass, sinn déi aner 6 gezeechent Pied tëscht 3,7 a 6,3 km laang. Eng Kaart mat den Trëppelpied kann een op der Mamer Gemeng gratis kréien.
Jumelage [änneren]
- Mamer ass zënter 1976 jumeléiert mat der franséischer Gemeng Dangé-Saint-Romain.
Bekannt Leit aus der Gemeng Mamer [änneren]
- Josy Barthel, Sportler a Politiker
- Josy Braun, Schrëftsteller
- Nicolas Flener, Lokalhistoriker
- Nicolas Frantz, Vëlosportler
- Jean-Claude Juncker, Politiker
- Henri Kirpach, Politiker
- Carlo Losch, Moler an Auteur
- Nicolaus Mameranus
- Ody Roos, Filmregisseur a Filmproduzent
- Mars Schmit, Moler
- Hary Trauffler, Editeur
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Mamer

- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Pompjeeë Gemeng Mamer
- Kierch Mamer
- F.C. Mamer 32
- Lycée Josy-Barthel Mamer
- Mamer velo
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Gemeng Mamer
- Service d'Incendie et de Sauvetage de la Commune de Mamer
- Protection Civile Mamer
- MAMER WISELEN Scouten a Guiden FNEL
- Harmonie Gemeng Mamer
- Lycée technique Josy-Barthel Mamer
- Cercle Philatélique Mamer
- Syvicol
Referenzen [änneren]
- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
Dippech | Garnech | Habscht | Käerch | Käerjeng | Kielen | Koplescht | Mamer | Simmer | Stengefort
Kuckt och: Gemengen zu Lëtzebuerg - Interkommunal Syndikater zu Lëtzebuerg