Nicolaus Mameranus

Vu Wikipedia
Nicolaus Mameranus
Mameranus-Statu zu Mamer bei der Kierch
Gebuer 6. Dezember 1500 jul.
Gestuerwen 1567
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker, Dichter

Den Nicolaus Mameranus gebuer de 6. Dezember 1500, vläicht als Nik Wagener, zu Mamer, a gestuerwe warscheinlech 1567 zu Augsburg, war Haffdichter a Krichsschreiwer vum Karel V.

Hien huet vu 1525 un an der Stëftschoul zu Emmerich um Rhäi studéiert, vu 1531 un op den Universitéite vu Köln an dono Orléans, a vu 1535 un zu Bordeaux.[1]

Hien huet et vum einfachen Zaldot zum Haffdichter vum Karel V. bruecht an ass mat deem sengen Arméie queesch duerch Europa, bis an Nordafrika gezunn.

De Mameranus huet iwwer déi ënnerschiddlechst Theme geschriwwen: Geschicht, Theologie, Pedagogik an Numismatik, mä och satiresch Texter a Geleeënheetsgedichter.

Ee vu sengen éischte Bicher war De causa calamitatum huius temporis (1546), wou en driwwer geklot huet, wat fir schwéier Zäiten do wieren (et war zu der Zäit vun de Glawenskricher). An der Annex vum Georg Sabinus senger Electio et coronatio Caroli V (1550) huet en iwwer säi Keeser an deem säi Räich geschriwwen. Seng Bicher huet e bei sengem Brudder Heinrich, deen zu Köln gelieft huet, drécke gelooss.

Vum Mameranus erhale sinn och Inventaireslëschte vum spueneschen Haff (Catalogus familiae totius aulae Caesarae, 1550), an e Kurtze und eugentliche Verzeychnus (1566) vum Haff beim Reichstag zu Augsburg. Ausserdeem gëtt et eng akribesch Opzielung vum spueneschen an dem géigneresche Waffenarsenal beim Schmalkaldesche Krich. D'Descriptio novi aquaeductus ass e Lueflidd op de Willebroeck-Kanal vu Bréissel, dee 1562 ageweit gouf, weider huet en iwwer de spueneschen Handkuss (Carmen de bezo las manos, 1550) geschriwwen, a Gedichter mat Wierder opgesat, déi mat C oder P ufänken (Dictiones quae ab C et P incipiunt, 1550).

Den Nicolaus Mameranus gouf 1555 vum Karel V., als eng vun deem sengen allerleschten Amtshandlungen, zum Poeta laureatus a Pfalzgrof ernannt.

Hien hat mat der Kaufmannsfamill vun de Fugger ze dinn, déi dem Spueneschen Haff Kreditter ginn huet. Mam Karl V. sengem Jong, dem Philipp II. war hie 1557 an England um Haff vun der "Bloody" Mary, der Schwëster vum Elisabeth I.[1]

Hien ass warscheinlech 1567 zu Augsburg gestuerwen[2].

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Didier, Nicolas. Nikolaus Mameranus. Ein Luxemburger Humanist des XVI. Jahrhunderts am Hofe der Habsburger. Sein Leben und seine Werke. In: Hémecht 1912-1914 (23 Deeler, ill.).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Nicolaus Mameranus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Wort.lu: Der Mann, dem Mamer seine Wiedergeburt verdankt. Von Vesna ANDONOVIC. 16.08.2020. On-line. Gekuckt de(n) 17.08.2020.
  2. Dem Hary Trauffler säi Theaterstéck "Nikolaus Mameranus" gouf fir de 400. Doudesdag vun dësem eminente Mamer Bierger komponéiert an opgefouert.