Karel V. (HRR)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
History template.gif Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Karel de Fënneften, gemoolt vum Christoph Amberger

De Karel V., gebuer de 24. Februar 1500 zu Gent, a gestuerwen den 21. September 1558 am Klouschter San Jerónimo de Yuste an der Extremadura a Spuenien, war vu 1516 un de Kinnek Karel I. vu Spuenien a vu 1519 u Keeser vum Hellege Réimesche Räich. Den 23. August 1556 huet en zugonschte vu sengem Jong op de spueneschen Troun verzicht an zugonschte vu sengem Brudder op d'Keeserkroun.

Doduerch, datt d'Spuernier zu där Zäit sech an Amerika breet gemaach hunn, huet de Karel V. e Räich beherrscht, "an deem d'Sonn ni ënnergaangen ass".

Stammbam vum Karel V.[änneren | Quelltext änneren]

┌──> Friedrich III. (HRR) (1415–1493),
│ Réimesch-däitsche Keeser (1452–1493)
│
┌──> Maximilian I. (1459–1519),
│ Réimesch-däitsche Keeser (1493–1519)
│ │
│ └──> Eleonore Helena vu Portugal (1434–1467),
│ Infantin vu Portugal
│
┌──> Philipp de Schéinen (1478–1506),
│ Äerzherzog vun Éisträich, Kinnek vu Kastilien a León (1504–1506)
│ │
│ │ ┌──> Karel de Kéngen (1433–1477),
│ │ │ Herzog vu Burgund (1467–1477), Pfalzgrof vu Burgund (1467–1477)
│ │ │
│ └──> Maria vu Burgund (1457–1482)
│ Herzogin vu Burgund (1477–1482), Pfalzgräfin vu Burgund (1477–1482)
│ │
│ └──> Isabella vu Bourbon (1437–1465)
│ …
│
Karel V. (1500–1558), Réimesch-däitsche Keeser (1519–1556), Herzog vu Lëtzebuerg (1500-1555)
│
│ ┌──> Jang II. (1397–1479),
│ │ Kinnek vun Aragón (1458–1479), Kinnek vu Navarra (1425–1441)
│ │
│ ┌──> Ferdinand II. (Aragón). (1452–1516), Ferdinand de Kathouleschen
│ │ Kinnek vun Aragón (1479–1516), Kinnek vu Kastilien a León (1474–1504)
│ │ │
│ │ └──> Juana Enríquez (1425–1468)
│ │ …
│ │
└──> Johanna déi Geckeg (1479–1555),
Titularkinnigin vu Kastilien a León (1504–1555), vun der Trounfolleg ausgeschloss
│
│ ┌──> Jang II. (1405–1454),
│ │ Kinnek vu Kastilien a León (1406–1454)
│ │
└──> Isabella I. (1451–1504), Isabella déi Kathoulesch
        Kinnigin vu Kastilien a León (1474–1504)
│
└──> Isabella von Portugal (1428–1496)
        Infantin vu Portugal

De Karel V. a Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Karel V. huet d'Strooss Bréissel-Namouer-Lëtzebuerg baue gelooss. En huet verbueden, Schnaps aus Fruucht ze maachen. Des Weideren huet en dekretéiert, datt, wie géif Wucher dreiwen, aus dem Land gehäit géif a säi Besëtz konfiskéiert kréich. Wie Faillite géing, sollt als Déif behandelt ginn, a Wiertshaiser däerften net baussent den Uertschaften opgemaach ginn.[1]

Hien huet ausserdeem de Riichter a Schäffe verbueden, alkoholiséiert opzetrieden, soss géife se hir Plaz verléieren. Op eng Hochzäit däerften net méi wéi 20 Leit aus der nächster Famill invitéiert ginn, an d'Feier däerft net méi wéi laang wéi bis den zweeten Dag nom Mëttegiessen daueren, dees et géif 20 Carolusgulde kaschten.

Fir géint d'Deierecht vun de Liewesmëttel unzegoen, huet hien an alle Stied d'Präisser vu Beamte festleeë gelooss.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karel V. (HRR) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Evy Friedrich: Kalennerblieder 2, S. 279