Gemeng Käerjeng

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Käerjeng
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Kapellen
Buergermeeschter: Michel Wolter (CSV)
Awunner Gemeng: 9.486 [1]
(2009)
Fläch Gemeng: 3.355,6044 [2] ha
Lag vun der Gemeng Käerjeng
Lag vun der Gemeng Käerjeng
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Käerjeng ass eng lëtzebuergesch Gemeng, déi den 1. Januar 2012 aus der Fusioun vun de Gemengen Nidderkäerjeng a Kënzeg entstanen ass.

Den 18. Mee 2010 huet de Käerjenger Gemengerot, deeselwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Kënzeg, engem Accord zu enger Fusioun tëscht deenen zwou Gemengen zougestëmmt.[3] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 Prozent zu Kënzeg).[4]

D'Fusioun gouf definitv am Gesetz vum 24. Mee 2011 portant fusion des communes de Bascharage et de Clemency [5] festgehalen an ass den 1. Januar 2012 a Kraaft getrueden.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Uertschaften a Lieu-diten an der Gemeng

[änneren] Geographie

D'Gemeng Käerjeng läit am Weste vum Lëtzebuerger Land am Kanton Kanton Kapellen.

[änneren] Geschicht

Och wa Käerjeng geologesch gesinn net méi zum Minett gehéiert , sou ass awer och d'Geschicht vun der Gemeng enk mat der Geschicht vun der lëtzebuerger Stolindustrie verwuerzelt. Grad ewéi di aner Gemengen aus dem Süden huet och Käerjeng d'Rezessioun am Stolsekteur ze spiere kritt, net zulescht wëll vill Awunner op der Schmelz hiert Brout verdéngt hunn.

[änneren] Economie

An der Gemeng Käerjeng ass d'Zone d’activité économique Robert Steichen ugesidelt. Hei hunn sech am Laf vun der Zäit eng Partie grouss Betriber, wéi Delphi, Luxguard an General Motors néiergelooss. Zënter 2006 ass och den italienesche Fabrikant vu Kichenartikelen Tontarelli zu Käerjeng vertrueden. An deem selwechte Joer huet awer d'Entreprise TDK hir Dieren zougemaach, mä zënter 2012 produzéiert de Groussbäcker 'Pains & Tradition' an engem Deel vun de fréieren Hale vun der TDK seng Wueren.

D'Brasserie Nationale huet zu Käerjeng hire Sëtz. Hei ginn d'Béiermarke Bofferding a Battin produzéiert.

D'Bus- a Reesgesellschaft Sales-Lentz gouf zu Käerjeng gegrënnt, ass awer mëttlerweil aus dem Zentrum an d'Industriezon geplënnert.

[änneren] Veräinsliewen

  • Foussball: UN Käerjéng 97, Étoile sportive Clemency
  • Handball: HBC Bascharage, Roude Léiw Bascharage
  • Basket: BBC Bascharage Hedgehogs
  • Keelen: Keelefrënn Uewerkäerjeng, K.C. Fiisschen Linger, K.C. Braustiedler 04 Käerjeng, K.C. Emmer um Dill Bascharage, K.C. Roadrunners Bascharage
  • Fëschen: Fëschersport Club, Grondel Hautcharage, Sportfëscher Bascharage
  • Dëschtennis: D.T. Fingig, D.T. Avenier Hautcharage, D.T. Bascharage, Entre-Nous Linger
  • Tennis: Tennis Club Bascharage, Tennis Kéinzeg-Féngeg
  • Kampfsport: Karate Club Bascharage
  • Harmoniën: Harmonie Municipale Bascharage, Harmonie Hautcharage, Harmonie Clemency
  • Ste. Cécile Choralen Bascharage, Kënzeg, Féngeg, Hautcharage a Lénger
  • Fräizäit-Sport Kéinzeg organiséiert sportlech Aktivitéiten am net-kompetitive Beräich
  • Päerds- an Trakterfrënn Lëtzebuerg

[änneren] Kuckeswäertes an der Gemeng

  • De Boufferdanger Muer, e Naturschutzgebitt op der Gewan tëschent Uewerkäerjeng a Féngeg
  • D'Réserve naturelle vun de Griechten zu Uewerkäerjeng beim Wäschbur
  • Déi Wëll Lann zu Kënzeg, ee vun den eelsten a déckste Beem zu Lëtzebuerg. Déi Wëll Lann huet no engem Stuerm vum 25. Juni 2006, bei deem den Haaptaascht ofgebrach war, bis op de Stamm zeréckgeschnidde misse ginn, schéisst awer nach ëmmer aus.
  • D' Maximäinskapell nieft der Lann mat der Erënnerungsplack op der Fräihheetsplaz zu Kënzeg.
  • Den Haff Beim Schani zu Kënzeg op der Kräizung vun der Ënneschtgaass mat der Laanggaass mat sengem décke Käschtebaam.
  • D'Brasserie Nationale (Bofferding a Battin)
  • D'Nidderkäerjenger Kierch an d'Plaz vis-à-vis, op där déi al Kierch stoung
  • Den ale Wäschbur zu Uewerkäerjeng

[änneren] Bekannt Leit aus der Gemeng

[änneren] Literatur

[änneren] Literatur

  • Rolf Ketter (Text), Yvon Lambert (Fotoen): Liewen an der Gemeng Käerjhéng, Buch mat 2 Audio-Kassetten; Bascharage 1993.
  • Schroeder, Michael: Wachsmuot von Künzich (Kunzech) : ein Luxemburger Minnesänger - In: Annuaire : vol. II des actes du XXIe congrès international des sciences généalogique et héraldique de Luxembourg (1994) / Association luxembourgeoise de généalogie et d'héraldique = Jahrbuch / Luxemburger Gesellschaft für Genealogie und Heraldik. - 1995, p. 59-72, ill.

[änneren] Linken

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

Commons: Käerjeng – Biller, Videoen oder Audiodateien

[änneren] Referenzen

  1. Provisoresch zesummegerechent aus den zwou fréiere Gemengen
  2. D'Donnéeën déi d'Fläch vun enger Gemeng oder enger Uertschaft betreffen, sou wéi se an dësem Artikel stinn enspriechen deenen aus der Datebank vum Kadaster um Stand vum 25. September 2009.
  3. "D'Gemeng Kënzeg fusionnéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng." rtl.lu, 18.05.2010, 15:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2010, 20:35.
  4. "Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng." wort.lu, 05.12.2010 16:24.
  5. Gesetz vum 24. Mee 2011 iwwer d'Fusioun
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen