Féngeg

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Féngeg
An anere
Sproochen:
fr: Fingig
de: Fingig
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Lëtzebuerg
Kanton: Kapellen
Gemeng: Empty.png Käerjeng
Buergermeeschter: Michel Wolter (CSV)
Awunner Uertschaft: 320
(2006)
Fläch Uertschaft: 361,9818 ha
Koordinaten: 49° 36' 9" N
5° 53' 59" O
Uertschaften - Gemengen - Stied

Féngeg ass eng Uertschaft an der Gemeng Käerjeng. Bis Enn 2011 huet se zu der fréierer Gemeng Kënzeg gehéiert, déi mat der Gemeng Nidderkäerjeng zur Gemeng Käerjeng fusionéiert huet.

Hydrogeographesches[änneren | Quelltext änneren]

Féngeg läit um Waasserscheed vum Rhäin- a vum Meusebaseng. Déi Linn läit an der Uertschaft selwer praktesch de ganzen Zäit um CR101, bis an den Ausgank vum Duerf an Direktioun Héiweng. Bei de leschten Haiser geet se da vun der Strooss fort no Südosten, hanne laanscht dèi zwee lescht Haiser, erop op d'Kopp bei de klenge Muer Märchen, wou se dann op Héiweng an der Gemeng Garnech eriwwer zitt.

D'Märchen ass e klenge Muer op der Gemengegrenz mat enger Waasserfläch vu ronn 20 ar. Ronderëm zitt sech e klenge Bësch, an dat Ganzt ass ongeféier 2 ha grouss.

D'Baachen déi zu Féngeg hir Quellen hunn lafen all weider an d'Musel a gehéieren domat zum Anzugsgebitt vum Rhäin. Et sinn dëst: d'Falterbaach, d'Këschel an d'Wëlleschbaach.

Eng vun deenen dräi soll wann et dem Recueil de statistiques par commune 2003 nogeet d'Quell vun der Äisch sinn.

De Wäschbur zu Féngeg, Quell vun der Këschel

Bekannt Leit vu Féngeg[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Féngeg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Vue vun Norden op Féngeg - 20.04.2008