Nicolas Margue

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Nicolas Margue, copyright Nationalbibliothéik

Den Nicolas Margue, gebuer den 2. Januar 1888 zu Féngeg, a gestuerwen den 18. Mäerz 1976 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Professer a Politiker (CSV).

Vun 1937 bis zur däitscher Invasioun 1940, an dann nees vun 1945 bis 1948 war hie Landwirtschafts- an Erzéiungsminister. Hie war deen eenzege Minister, deen den 10. Mee 1940 net zur Zäit iwwert d'Grenz koum. Géint 3:30 Auer moies fréi ass en a Richtung belsch Grenz gefuer. Et war ze spéit, hie koum net méi duerch. Well den Okkupant hien als däitschfeindlech betruecht huet, gouf déi ganz Famill a Schlesien, fir d'éischt op Leubus, an duerno op Boberstein ëmgesidelt, an ee vu senge Jongen, de Paul Margue, gouf an de Reichsarbeitsdienst (RAD) agezunn.

Nom Krich war den Nicolas Margue, zesumme mam Jean Feltes, ee vun de "Pappe" vun der kontroverséierter Offizieller Lëtzebuerger Orthographie.

Vun 1945 bis 1972 war hie President vun der Section historique vum Institut grand-ducal.

Hie war vun 1952 u Lëtzebuerger Member vun der Assemblée commune vun der CECA an huet sech do staark fir d'Erhalung vum Sëtz vum Schumanplang zu Lëtzebuerg agesat. Den Nicolas Margue war och Member vum Aktiounskommittee fir d'Vereenegt Staate vun Europa, dee 1955 vum Jean Monnet gegrënnt gouf.

De 4. August 1959 gouf den Nicolas Margue als Member vum Staatsrot nominéiert an ass dat bis zu senger Demissioun den 30. September 1970 bliwwen.[2]

D'Stad Lëtzebuerg an d'Gemeng Kënzeg hu Stroossen nom Nicolas Margue genannt.

Den Nicolas Margue war de Papp vum Georges a vum Paul Margue.

Inhaltsverzeechnes

Seng Publikatiounen [änneren]

  • Herchen, Arthur:Manuel d'histoire nationale, Déi aacht Editioun ass 1968 rauskom. Dës Editioun an déi vidru si neibearbecht an ergänzt gi duerch de Nicolas Margue an de Joseph Meyers
  • Margue, Nicolas: Aperçu historique am Le Luxembourg, le livre du Centenaire, Imprimerie Saint-Paul,SS. 7-25, Zweet Editioun: 1949.

Literatur [änneren]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]