Paul Dostert
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Paul François Dostert, gebuer de 27. Abrëll 1951, ass e lëtzebuergeschen Historiker, spezialiséiert an der Geschicht vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg.
Zënter 2003 ass hien Direkter vum Centre de documentation et de recherche sur la Résistance, deen an der Villa Pauly säi Sëtz huet.
Hien ass de President vun der Section historique vum Institut grand-ducal.
Publikatioune vum Paul Dostert [änneren]
- Luxemburg zwischen Selbstbehauptung und nationaler Selbstaufgabe. Die deutsche Besatzungspolitik und die Volksdeutsche Bewegung 1940 - 1945, 1985, Imprimerie Saint-Paul, 309 Säiten. Den Text vun der Dissertatioun fir den Doktertitel op der Freiburger Albert-Ludwigs-Universitéit.
- La résistance luxembourgeoise (1940 - 1944), in Ons Stad N° 71 , Dezember 2002, S. 12-15, illustréiert.
- Vengeance, justice, amnistie: La collaboration et la société luxembourgeoise 1944-1955 ; in: Collaboration: Nazification? - Le cas du Luxembourg à la lumière des situations française, belge et néerlandaise ; Actes du Colloque international au Centre culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster, mai 2006; erausgi vum Lëtzebuerger Nationalarchiv (ANL); ISBN 978-2-919773-01-5 ; Ss. 431-443.
- Schule und Identitätsbildung in der Region Saar-Lor-Lux, eds. Ralf Wittenbrock, Gérard Michaux, and Paul Dostert. 1994. Saarbrücken.
Auszeechnungen [änneren]
September 2007: Bundesverdienstkreuz "fir besonnesch Verdéngschter ëm d'däitsch-lëtzebuergescht Verhältnes". Vgl. Luxemburger Wort , Ausgab vum 14. September 2007.