Gemeng Kënzeg
|
|||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|
| An anere Sproochen: |
fr: Clemency de: Küntzig |
||||||
| Land: | |||||||
| Distrikt: | Lëtzebuerg | ||||||
| Kanton: | Kapellen | ||||||
| Awunner Gemeng: | 2.201 (Juli 2010) |
||||||
| Fläch Gemeng: | 1.442,4989 ha | ||||||
| Koordinaten: | 49° 35' 49" N 05° 52' 28" O |
||||||
|
D'fréier Gemeng Kënzeg (orange) am Kanton Kapellen (rout) |
|||||||
| Uertschaften - Gemengen - Stied | |||||||
D'Gemeng Kënzeg war bis Enn 2011 eng lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Kapellen, am Distrikt Lëtzebuerg. Mat der Gemeng Nidderkäerjeng huet si zu der Gemeng Käerjeng fusionéiert.
Inhaltsverzeechnes |
Uertschaften an der fréierer Gemeng [änneren]
Zu der Gemeng hunn nach folgend Häff a Lieu-dite gehéiert:
- Schockmillen oder op der Schock genannt
- Nuechtbann
- Neidréisch
Geographie [änneren]
Den héchste Punkt an der Gemeng ass um Flouer vu Féngeg um Kues, op enger Héicht vun 395 m. NN.
Geschicht [änneren]
Di éischt Spur vun Awunner zu Kënzeg ass an den 1990er Joren entdeckt ginn, wéi eng aristokratesch Grafkummer aus der Zäit vun de Gallier fonnt gouf, déi op 200 v. Chr. konnt datéiert ginn.
Schrëftlech gëtt Kënzeg fir d'éischt an der éischter Hallschent vum 8. Joerhonnert an engem Dokument vum Karl Martell ernimmt.
Fusioun mat Nidderkäerjeng [änneren]
Den 18. Mee 2010 huet de Kënzeger Gemengerot, dee selwechten Dag wéi dee vun der Gemeng Nidderkäerjeng, engem Accord zu enger Fusioun tëscht deenen zwou Gemengen zougestëmmt.[1] Bei engem Referendum, de 5. Dezember 2010 hunn an den zwou Gemengen eng Majoritéit vun de Wieler sech fir eng Fusioun ausgeschwat (58 % zu Nidderkäerjeng, 56,17 Prozent zu Kënzeg).[2] D'Fusioun trëtt den 1. Januar 2012 a Kraaft.
Wopen [änneren]
Kënzeg krut säi Wopen duerch en Arrêté ministériel vum 19. Oktober 1982.
En ass zesummegesat aus dem ale Wopen vun den Häre vu Kënzeg (Faarf vum Feld, d'Baarwen an d'Kräizer), an deem vun der Vogtei Lëtzebuerg (déi dräi Tierm).
Beschreiwung vum Wopen:
Um sëlwerege Feld, zwéi Baarwen déi sech de Réck dréinen, mat véier klenge roude Kräizer mat gespëtztem Fouss, de Kapp vum Feld blo, mat enger sëlwerfaarweger Paart mat dräi Tierm.
Buergermeeschtere vu Kënzeg zënter 1815 [änneren]
|
|
|
|
Bevëlkerungsstruktur [änneren]
(Mäerz 2007)
Vun den 2 185 Awunner si 512 Auslänner (23,4%) vun 30 verschidden Nationalitéiten:
- 1 673 Lëtzebuerger,
- 172 Belsch,
- 124 Portugisen,
- 61 Fransousen,
- 50 Italiener,
- 28 Däitscher,
- 21 Chinesen
- ---
Jumelagen [änneren]
Kënzeg war jumeléiert mat Gaflenz an Ueweréisträich am Distrikt Steyr-Land
Gemengesyndikater [änneren]
SES - SIDOR - SICEC - SIGI - SYVICOL - SICONA-Ouest - Minett-Kompost - SIDERO
Referenzen [änneren]
- ↑ "D'Gemeng Kënzeg fusionéiert mat der Gemeng Nidderkäerjeng." rtl.lu, 18.05.2010, 15:56 - Fir d'lescht aktualiséiert: 18.05.2010, 20:35.
- ↑ "Bürger sagen Ja: Aus Niederkerschen und Küntzig wird Käerjeng." wort.lu, 05.12.2010 16:24.