Schack

Vu Wikipedia
Am Schack
Am Schack a Richtung Nidderkäerjeng (CR110)
Aussprooch
Land Lëtzebuerg
Kanton Capellen
Gemeng Käerjeng
Buergermeeschter Michel Wolter (CSV)
Koordinaten 49° 34’ 35.2’’ N
      05° 53’ 36.2’’ O


Schack ass e Lieu-dit um CR110 tëscht Nidderkäerjeng a Kënzeg an der Gemeng Käerjeng.

Den CR110 kënnt vun der Kräizung mam CR111 am Ausgang vun Nidderkäerjeng a geet a Richtung Kënzeg.

Et stinn op där Plaz nëmmen e puer Haiser op der lénkser Säit vun der Strooss (a Richtung Kënzeg gekuckt). D'Vëlospist PC12 (Piste cyclable de l'Attert, déi fréier Atertlinn) kräizt d'Strooss am Schack. Direkt bei der Kräizung mat der Vëlospist ass och eng kleng Parkplaz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Am Schack a Richtung Kënzeg (Kräizung mat der Vëlospist)