18. Mee
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 18. Mee ass den 138. Dag vum Joer (139. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
| Abr – Mee – Jun | ||||||
| 1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
| 8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
| 15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
| 22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
| 29 | 30 | 31 | ||||
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
- 1337: D'Béatrice vu Bourbon, dem Jang de Blanne seng zweet Fra, gëtt zu Prag zur Kinnigin vu Béime gekréint.
- 1804: Den Napoléon Bonaparte proklaméiert d'Franséisch Keeserräich.
- 1848 Zu Frankfurt am Main kënnt dat éischt demokratesch gewieltent däitscht Parlament, d'Frankfurter Nationalversammlung, an der Paulskirche beieneen.
- 1975: Zu Lëtzebuerg gi ronn 12.000 Jonk Leit op ee Coup groussjäreg, well den Alter dofir per Gesetz vun 21 op 18 Joer erofgesat gouf.
- 1985: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Babelsberg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 1:3 géint déi Däitsch Demokratesch Republik. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Roby Langers geschoss.[1]
- 1996: De Romano Prodi gëtt neie Ministerpresident vun Italien.
- 1999: De Carlo Azeglio Ciampi gëtt neie Staatspresident vun Italien.
[änneren] Katastrophen
- 1980: De Mount St. Helens an den USA ass explodéiert an e 700 m déiwe Krater ass entstanen, 62 Doudeger.
[änneren] Gebuer
- 1788: Karl Rümker, däitschen Astronom.
- 1868: Nikolaj II., leschte russeschen Zar.
- 1872: Bertrand Russell, englesche Mathematiker a Philosoph, Nobelpräisdréier.
- 1876: Hermann Müller, däitsche Politiker a Reichskanzler.
- 1883: Walter Gropius, däitschen Architekt (Bauhaus).
- 1892: Ezio Pinza, italienesche Basssänger.
- 1897: Frank Capra, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 1910: Nic Scheitler, lëtzebuergesche Gewiichthiewer.
- 1912: Richard Brooks, US-amerikanesche Regisseur.
- 1913: Charles Trenet, franséische Sänger.
- 1920: Jean-Paul II. (Karol Wojtyla), Poopst.
- 1922: Jean Dupong, lëtzebuergesche Politiker.
- 1922: Adrian Hoven, éisträichesche Schauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent
- 1937: Jacques Santer, lëtzebuergesche Politiker.
- 1939: Hark Bohm, däitsche Filmregisseur.
- 1948: François Felten, lëtzebuergesche Moler an Theolog.
- 1950: Thomas Gottschalk, däitsche Moderator.
- 1952: Fred Serres, lëtzebuergesche Boxer.
- 1959: Ranga Yogeshwar, lëtzebuergesche Physiker an Televisiouns-Presentateur vu Wëssenschaftssendungen.
- 1967: Isabelle Welter, lëtzebuergesch Molerin.
- 1981: Ben Federspiel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
[änneren] Gestuerwen
- 1911: Gustav Mahler, éisträicheschen Dirigent a Komponist.
- 1929: Gérard Portielje, belsche Moler.
- 1930: Luc Housse, lëtzebuergeschen Affekot a Politiker.
- 1941: Werner Sombart, däitsche Soziolog an Economist.
- 1944: Camille Sutor, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 1965: Paul Finet, belsche Gewerkschaftler.
- 1975: Leroy Anderson, US-amerikanesche Komponist.
- 1995: Peter van de Kamp, US-amerikaneschen Astronom.
[änneren] Feierdeeg
| Méint |
| Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember |
| Commons: 18 May – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Zitéierfeeler: D'Markéierung <ref> gëtt et, awer d'Markéierung <references/> gouf net fonnt