Paul Galles

Vu Wikipedia
Paul Galles
Gebuer 18. Mee 1973
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Theolog, Politiker
Partei CSV

De Paul Galles, gebuer den 18. Mee 1973 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Theolog an CSV-Politiker. Hie schafft bei Young Caritas als Coordinateur vum solidaresche Benevolat.

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première 1992 am Lycée Michel-Rodange huet hien Theologie op der Universitéit vun Tréier a vun 1995 un op der Pontificia Università Gregoriana studéiert, wou hien 2004 säin Ofschloss gemaach huet. Am Jubeljoer 2000 hat hien zu Roum an der vatikanescher Jugendpastoral matgeschafft an ënner anerem de Weltjugenddag mat virbereet. De Paul Galles huet de 16. Abrëll 2010, op der peepstlecher Universitéit Gregoriana zu Roum, eng Dokterthees an der Theologie mat der Mentioun "summa cum laude" verdeedegt mam Titel vun der Dissertatioun: Situation und Botschaft - Die soteriologische Vermittlung von Christologie und Anthropologie in den offenen Denkformen von Paul Tillich und Walter Kasper[1] Hie war vun 1999 bis 2010 kathoulesche Priister a reegelméissege Mataarbechter um DNR. Vun 2005 bis 2010 war hien am pastorale Projet Pimp my church engagéiert.

Am Joer 2011 huet hien en Opbaustudium am Beräich Nohalteg Entwécklungszesummenaarbecht op der TU Kaiserlautern gemaach. Duerno huet hie bei der Caritas ugefaange mat schaffen an huet matgehollef d'Young Caritas opzebauen. Op der Universitéit Tréier huet hien 2015/16 eng Ausbildung zum Coach gemaach.

Am Joer 2016 krut hien de Prix du citoyen européen[2] fir säi soziaalt Engagement fir d'Flüchtlingen a fir seng Aarbecht am Déngscht vun der Solidaritéit an der sozialer Inklusioun zu Lëtzebuerg.

Politesch Mandater[änneren | Quelltext änneren]

Bei de Gemengerotswalen 2017 gouf hien an de Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg gewielt[3]. No de Gemengewale vun 2023 gouf hien do Schäffen.[4]

2018 huet hie fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'CSV am Bezierk Zentrum gewielt.[5] Bei deene vum 8. Oktober 2023 gouf hien erëmgewielt.[6]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (gh) Abbé Paul Galles neuer Doktor der Theologie ; in: Luxemburger Wort , Ausgab vum 27. Abrëll 2010, S. 17.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger:
Félix Eischen
Generalsekretär vun der CSV
2021 - 2022
Nofollger:
Stéphanie Weydert
Christophe Hansen

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Referenz an der däitscher Nationalbibliothéik
  2. Prix du citoyen européen 2016
  3. De Gemengerot Paul Galles op vdl.lu
  4. (fr)Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins. mint.gouvernement.lu (06.07.2023). Gekuckt de(n) 06.07.2023.
  5. elections.lu.
  6. elections.lu.